Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 28/02/2026Si wënschen sech näischt anescht wéi a Fräiheet a Fridden ze Liewen. Dësen Usproch ass legitim – an e verdéngt eis voll Solidaritéit. 020
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 28/02/2026Meng Gedanken si bei alle Mënschen am Iran an an der Regioun. Besonnesch bei de Fraen, de StudentInnen an deene villen DemonstrantInnen, déi sech an de leschte Wochen a Méint mat Courage fir Fräiheet, Mënscherechter a Gerechtegkeet agesat hunn. 140
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 28/02/2026Mat grousser Suerg kucken ech haut op den Iran an déi ganz Regioun, no den Attacken vun der leschter Nuecht – nees ausserhalb vun all internationalem Mandat an domat a Verletzung vum Vëlkerrecht. 150
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 26/02/2026Demokratie brauch e konsequente juristesche Schutz. #SLAPP #Pressefräiheet #Rechtsstaat #Lëtzebuerg #déigréng 010
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 26/02/2026Ech hunn dowéint haut an der Commissioun Amendementer déposéiert fir des Prozeduren mat an den Dispositif ze huelen. 110
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 26/02/2026Plaintes avec constitution de partie civile & citations directes falen net ënnert de Schutz. Dobäi ginn grad dës Prozeduren elo schonn dacks mëssbraucht. 110
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 26/02/2026De Gesetzesprojet den d'Directive transposéiert geet iwwer d’EU-Reegele eraus. Dat ass gutt. Mee: Eng wichteg Lück bleift am Text. 110
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 26/02/2026SLAPP-Kloen si kee „normale“ Rechtssträit. Si déngen dozou, Journalist*innen an ONGen anzeschüchteren – an monddoud ze maachen. 160
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 05/01/2026Op Nofro hinn seet de Xavier Bettel dann an der Chambercomissioun d‘Interventioun vun den USA am Venezuela wier „kloer net konform zum internationale Recht vis-à-vis vum emploi de la force“, dat ass positiv, mee wisou steet dat net am Communiqué vun der Regierung ? 040
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 03/01/2026Vëlkerrecht ass net à la carte: d’Attack vun den USA op Venezuela ouni internationaalt Mandat ass net akzeptabel, och net géintiwwer Autokraten. D’Europäesch Unioun muss Verantwortung iwwerhuelen a sech kloer fir Multilateralismus a Diplomatie asetzen. #Venezuela #droitshumains #Usa #Diplomatie #EU 040
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 17/09/2025Menger Meenung no: Dat a fir ze maache wéi wa se géingen „manner radikal“ sinn. 030
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 17/09/2025Fazit: Ech si frou iwwert de Fortschrëtt 🙌. Mee ech fannen et bedenklech, wann d’Regierung mat juristesch schwaachen Argumenter probéiert eng viregt Propose als „extrem“ duerzestellen. D’Wourecht ass: béid Varianten erlaben Restriktiounen. Dofir brauch e just den Avis vum Staatsrot ze liesen. 140
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 17/09/2025Wat d'liberté de conscience ubelangt, dat ass effekiv e "Grondrecht" am Artikel 14 vun der Verfassung a wor net a Fro gestalt. 120
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 17/09/2025De Staatsrot huet d'Propose anescht gelies an och de franséiche Conseil d'Etat gesäit keen Ennerscheed tëscht "droit" a "liberté" (déi Nuance huet CSV-DP aus 🇫🇷 importéiert). 120
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 17/09/2025Déi Lénk haten genee esou eng Formuléierung proposéiert: d’Recht, mam Verweis op e Gesetz dat festleet wéi et ausgeüübt gëtt. D’Argument, dat wier „ze absolut“ oder „net aschränkbar“, ass also net haltbar. 120
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 17/09/2025D’Verfassung kennt am Kapitel „libertés publiques“ souwuel Fräiheete wéi Rechter. An: Den Artikel 37 erlaabt kloer, dës Rechter duerch Gesetz ze regléieren an och anzeschränken. 120
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 17/09/2025D’CSV (wéi virdru schonn d’DP) wëll den Avortement net als Recht, mee als Fräiheet verankeren. Argument: „Soss wier et e Grondrecht a kéint net ageschränkt ginn.“ Dat ass net richteg. 110
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 17/09/2025Et ass positiv, datt och d’CSV mat op de Wee geet: den Avortement soll an d’Verfassung! 🎉 Dat ass e wichtege Schrëtt fir d’Recht op Selbstbestëmmung. Mee d’Argumenter vum Premier si juristesch net iwwerzeegend… 🧵 191
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 14/09/2025A wann ee seet, dat wier “Totalitarismus” dann ass dat schwéier nozevollzéien. Totalitär ass et, wann de Staat zwéngt oder verbitt. D Verfassung soll keen zwéngen, eng Ofdreiwung ze maachen. Se soll just sécherstellen, datt Fraen net vun aneren hire Virstellungen ofhängeg ginn. 030
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 14/09/2025➡️ Rechtssécherheet: kee Gesetz kann et einfach kippen. ➡️ Schutz virun Réckschléi. ➡️ Selbstbestëmmung an Dignitéit fir all Fra. 110
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 14/09/2025Eis Mammen a Bomien hu Joerzéngte fir Selbstbestëmmung gekämpft. Haut gesi mir am Ausland, wéi esou Rechter nees a Fro gestallt ginn. Fir dat bei ons ze verhënneren: D’Recht op Ofdreiwung gehéiert an d’Verfassung. 120
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 14/09/2025Ech verstinn, datt ee sech schwéier deet mat Ofdreiwungen. Mee eng Fra, déi an esou enger Situatioun ass, deet sech nach vill méi schwéier. D’Ofdreiwung ass keng liicht Decisioun. An awer ass et eng Decisioun, déi déi betraffe Persoun selwer huele muss – net d’Politik, d’Kierch, d’Gesellschaft. 120
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 14/09/2025Ofdreiwung an d’Verfassung: méi Fräiheet, net méi Diktat! Et geet net drëm, Meenungen opzedrängen, mee Rechter ofzesécheren. 251
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 20/06/2025Bravo un OGB-L & @lcgb.lu, datt se décidéiert hunn hir Kräften ze bündelen. Gewerkschafte sinn e ganz wichtegen Deel vun der Zivilgesellschaft. Dat dote stärkt sie an domatt och déi ganz Zivilgesellschaft an hirem Asatz fir méi sozial Gerechtegkeet an domatt fir méi Demokratie. 💪🏻👏 041
Reposted by Sam TansonDjuna Bernard @djunabernard.bsky.social · 07/06/2025Den Aarbeschsminister fennt et e Skandal dass Deputeierten iwwer d'Diskussiounen an enger parlamentarescher Kommissioun (mat der Presse) schwetzen, mee wat fir en Demokratieverständnis huet hien?! Wann et em sou wichteg Themen wei de Mindestloun geet, da muss dat grad eng öffentlech Diskussioun sin! 073
Reposted by Sam TansonMarc Hansen @marchansen68.bsky.social · 04/04/2025gudden a kloeren ITW mam @samtanson.bsky.social iwwert international a national Politik déi méi zukunftsorientéiert muss sinn. www.rtl.lu/radio/invite...rtl.luInvité vun der Redaktioun (4. Abrëll): Sam Tanson, Deputéiert vun déi GréngE Freideg de Moie waren d'Staatsfinanzen, Defense an de Logement Theemen an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun". 042
Reposted by Sam Tansondéi gréng @deigreng.bsky.social · 22/03/2025@samtanson.bsky.social Den Natur- a Klimaschutz huet keeng Stëmm méi an der Regierung. D’Pionéier vun der Energietransitioun si massiv veronséchert ginn. Déi nächst 39 Méint maache mir Oppositiounspolitik, déi net nëmme géint d’Regierung geet – mee fir déi, déi keng Lobby hunn. #gK2025 0102
Reposted by Sam Tansondéi gréng @deigreng.bsky.social · 22/03/2025@samtanson.bsky.social sozial gerecht Entlaaschtung fir Mëttelschicht a kleng Revenuen. Déi Leit investéieren hir Suen net an Aktien a spekulativ Immobilien mee an d’Ekonomie vum Alldag: am Supermarché beim Handwierk bei de lokale Betriber. Zousätzlech Recetten däerfen net hir Käschte goen. #gK2025 092
Reposted by Sam Tansondéi gréng @deigreng.bsky.social · 22/03/2025@samtanson.bsky.social iwwer d’Prioritéite vun der Regierung: Iwwer zwou Milliarden Euro u Steiercadeauen, déi zënter dem Regierungswiessel am Pluriannuel festgehalen goufen – fir Entreprisen, Promoteuren an haaptsächlech déi, déi souwisou scho genuch hunn. #gK2025 092
Reposted by Sam Tansondéi gréng @deigreng.bsky.social · 22/03/2025@samtanson.bsky.social Den Invest an d’Défense dierf net déi aner Baustellen iwwerdecken. Net d’Klima- an d’Biodiveritéitskris. Net déi sozial Ongläichheeten. Net déi Kanner, déi an d’Armut rutschen. Net déi Mënschen, déi schaffen an trotzdeem net iwwer d’Ronnen kommen. #gK2025 092
Reposted by Sam Tansondéi gréng @deigreng.bsky.social · 22/03/2025Fraktiounspresidentin @samtanson.bsky.social : Sécherheet ass net nëmmen d’Feele vu Gefor – mee d’Präsenz vu Perspektiv. #gK2025 071
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 11/03/2025Den Outil heescht effektiv « Question parlementaire », et dierf een awer drop äntwerten 😇 Wéini ass dann elo déi « Sozialronn » déi vrun 2 Méint annoncéiert gouf fir de Sozialdialog « ze verbesseren »? 070
Reposted by Sam TansonFrançois Benoy @fbenoy.bsky.social · 07/03/2025Onse Gemengeconseiller Stephen De Ron ass vum Marc Lies ënnert der Gürtelligne attackéiert ginn. Et ass net déi éischte Kéier, dass den CSV Buergermeeschter sech net am Grëff huet. Dass d’CSV sech schützend souguer dann hanner hiren Deputé-Maire stellt, wann en anerer bedrot, ass inacceptabel. 1106
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 05/03/2025Satisfaite que notre motion @deigreng.bsky.social concernant la situation dramatique en RD #Congo et le soutien des sanctions à prendre contre les responsables rwandais des exactions ait été adoptée à l’unanimité par la Chambre des députés du Luxembourg clarifiant ainsi enfin la position 🇱🇺 1113
Reposted by Sam Tansondéi gréng @deigreng.bsky.social · 01/03/2025Den Eclat vu gëschter vum Trump weist alt nees: d’US Regierung ass kee verlässlesche Partner.D’Ukrain brauch ons gemeinsam Ënnerstëtzung! E staarkt Europa dierf sech net splécke loossen. Mir sti fest un der Säit vun der Ukrain a fir ons demokratesch Wäerter. ✊🌍 #StandWithUkraine #EUUnity #Demokratie 0205
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 12/02/2025Mer hunn net fonnt datt et richteg wier se ze froen dat mat ze déposéieren 110
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 11/02/2025Mer hunn haut zu 6 Parteien eng Resolutioun géint Attacken op Mënscherechter déposéiert, dat no dem rezenten Haasspost den vun engem Deputéierte geliked gouf 3235
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 05/02/2025Méi netto vum brutto Versioun CSV-DP : Präis vum elektresch +43.9% am Januar! De Gros dovu geet op d’Erofschrauwe vum Energiepräisdeckel zeréck. Inflatioun vun 1 op 1,9% an engem Mount. D’Haushalter mussen dat ausbueden & et schwächt d’Ekonomie. 👎 3148
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 18/01/2025Dem François Bausch a mäi Bäitrag zur Défense an dem Militärdéngscht haut am @luxemburgerwort.bsky.social tinyurl.com/y8mf9snrtinyurl.comVerteidigungspolitik braucht Klasse statt MasseDie EU hat bisher den Zug verpasst, mehr in ihre Verteidigung zu investieren. Doch es kommt nicht nur auf die Höhe der Ausgaben an, schreiben François Bausch und Sam Tanson. 051
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 17/01/2025Lo si mer Mëtt Januar an et gëtt nach ëmmer keng Spuer dovun datt et weidergeet. Mir brauchen déi Reforme fir e méi altersgerechten Emgank mat de Jugendlechen an deene schwierege Situatiounen ze garantéieren. Wisou geet et net virun? 050
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 17/01/2025D‘Gesetzesprojete goufen am Abrëll 2022 deposéiert, no den éischten Avise gouf en 1. Jet vun Amendementer am Februar 23 deposéiert. Den Avis vum Staatsrot ass vu Juni 23. Wou bleiwen d‘Amendementer? Fir d‘éischt wor gesot gi vrum Summer. Dunn vrun Enn des Joers. 1/2 www.wort.lu/meinung/leit...wort.luJugendliche im Strafvollzug werden vernachlässigtLuxemburg versagt seit Jahren beim Schutz junger Straftäter. Reformen sind angedacht. Sie lassen jedoch zu lange auf sich warten. 180
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 10/01/2025Presserevue vum Dag, cherchez l‘erreur 😇 (Tageblatt / Land) 071
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 10/01/2025 Et gëtt jiddefalls keng "solution miracle" mee et muss weiderhin op villen Niveau'e geschafft gi fir d'Situatioun ze verbesseren. 040
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 10/01/2025An natierlech kann een och zousätzlech Verbesserungen an der Carrière firgesinn. Och e weidert Iwwerschaffe vu verschiddene Prozedure (am Respekt vun de Rechter vun alle Betraffenen) grad wéi déi intern Organisatioun kenne Léisungen duerstellen. 130
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 10/01/2025A Lëtzebuerger Juriste ginn der jo net all Joers Honnerten ausgebilt a se ginn och op anere Platze gebraucht an agestallt. Nieft engem méi breeden Opmaache vun de Rekrutementer am Ufank vun der Carrière ass eng Piste besser Méiglechkeeten ze schafe fir Leit déi schonn eng laang Beruffserfarung hunn. 120
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 10/01/2025Méi Poste virgesinn ass en Deel vun der Léisung. Fait ass awer, datt et an der Justiz e limitéierte Reservoir u Persoune gëtt an dem ka rekrutéiert ginn, et muss e Jurist sinn an et muss e Lëtzebuerger sinn. 110
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 10/01/2025Mee et wor effektiv net ëmmer eng Selbstverständlechkeet an der Regierung a grad net bei där Partei déi elo fönnt et géinge Magistrate fehlen. 110
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 10/01/2025An jo, et wor net ëmmer eng Selbstverständlechkeet déi Posten an der Regierung accordéiert ze kréien, mee ech hu mech dofir agesat bis et geklappt huet. An ech hu weder gëschter (wéi e Majoriteitsdeputéierten dat behapt huet) nach soss eng Keier gesot ech hätt et net gemaach krut. 110