Ech verstinn, datt ee sech schwéier deet mat Ofdreiwungen. Mee eng Fra, déi an esou enger Situatioun ass, deet sech nach vill méi schwéier. D’Ofdreiwung ass keng liicht Decisioun. An awer ass et eng Decisioun, déi déi betraffe Persoun selwer huele muss – net d’Politik, d’Kierch, d’Gesellschaft.