Sign in

Sam Tanson

@samtanson.bsky.social
367 followers 98 following 55 posts

Deputėiert déi gréng🌻 Ex Justiz a Kulturministerin 🇱🇺

PostsRepliesMedia
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 28/02/2026
Mat grousser Suerg kucken ech haut op den Iran an déi ganz Regioun, no den Attacken vun der leschter Nuecht – nees ausserhalb vun all internationalem Mandat an domat a Verletzung vum Vëlkerrecht.
150
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 26/02/2026
SLAPP-Kloen si kee „normale“ Rechtssträit. Si déngen dozou, Journalist*innen an ONGen anzeschüchteren – an monddoud ze maachen.
160
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 05/01/2026
Op Nofro hinn seet de Xavier Bettel dann an der Chambercomissioun d‘Interventioun vun den USA am Venezuela wier „kloer net konform zum internationale Recht vis-à-vis vum emploi de la force“, dat ass positiv, mee wisou steet dat net am Communiqué vun der Regierung ?
040
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 03/01/2026
Vëlkerrecht ass net à la carte: d’Attack vun den USA op Venezuela ouni internationaalt Mandat ass net akzeptabel, och net géintiwwer Autokraten. D’Europäesch Unioun muss Verantwortung iwwerhuelen a sech kloer fir Multilateralismus a Diplomatie asetzen. #Venezuela #droitshumains #Usa #Diplomatie #EU
040
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 17/09/2025
Et ass positiv, datt och d’CSV mat op de Wee geet: den Avortement soll an d’Verfassung! 🎉 Dat ass e wichtege Schrëtt fir d’Recht op Selbstbestëmmung. Mee d’Argumenter vum Premier si juristesch net iwwerzeegend… 🧵
191
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 14/09/2025
Ofdreiwung an d’Verfassung: méi Fräiheet, net méi Diktat! Et geet net drëm, Meenungen opzedrängen, mee Rechter ofzesécheren.
251
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 11/07/2025
Bréckebauer ?
Zitat vum Luc Frieden @100.7
061
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 20/06/2025
Bravo un OGB-L & @lcgb.lu, datt se décidéiert hunn hir Kräften ze bündelen. Gewerkschafte sinn e ganz wichtegen Deel vun der Zivilgesellschaft. Dat dote stärkt sie an domatt och déi ganz Zivilgesellschaft an hirem Asatz fir méi sozial Gerechtegkeet an domatt fir méi Demokratie. 💪🏻👏
041
Reposted by Sam Tanson
Djuna Bernard @djunabernard.bsky.social · 07/06/2025
Den Aarbeschsminister fennt et e Skandal dass Deputeierten iwwer d'Diskussiounen an enger parlamentarescher Kommissioun (mat der Presse) schwetzen, mee wat fir en Demokratieverständnis huet hien?! Wann et em sou wichteg Themen wei de Mindestloun geet, da muss dat grad eng öffentlech Diskussioun sin!
073
Reposted by Sam Tanson
Marc Hansen @marchansen68.bsky.social · 04/04/2025
gudden a kloeren ITW mam @samtanson.bsky.social iwwert international a national Politik déi méi zukunftsorientéiert muss sinn. www.rtl.lu/radio/invite...
rtl.lu
Invité vun der Redaktioun (4. Abrëll): Sam Tanson, Deputéiert vun déi Gréng
E Freideg de Moie waren d'Staatsfinanzen, Defense an de Logement Theemen an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
042
Reposted by Sam Tanson
déi gréng @deigreng.bsky.social · 22/03/2025
@samtanson.bsky.social Den Natur- a Klimaschutz huet keeng Stëmm méi an der Regierung. D’Pionéier vun der Energietransitioun si massiv veronséchert ginn. Déi nächst 39 Méint maache mir Oppositiounspolitik, déi net nëmme géint d’Regierung geet – mee fir déi, déi keng Lobby hunn. #gK2025
0102
Reposted by Sam Tanson
déi gréng @deigreng.bsky.social · 22/03/2025
@samtanson.bsky.social sozial gerecht Entlaaschtung fir Mëttelschicht a kleng Revenuen. Déi Leit investéieren hir Suen net an Aktien a spekulativ Immobilien mee an d’Ekonomie vum Alldag: am Supermarché beim Handwierk bei de lokale Betriber. Zousätzlech Recetten däerfen net hir Käschte goen. #gK2025
092
Reposted by Sam Tanson
déi gréng @deigreng.bsky.social · 22/03/2025
@samtanson.bsky.social iwwer d’Prioritéite vun der Regierung: Iwwer zwou Milliarden Euro u Steiercadeauen, déi zënter dem Regierungswiessel am Pluriannuel festgehalen goufen – fir Entreprisen, Promoteuren an haaptsächlech déi, déi souwisou scho genuch hunn. #gK2025
092
Reposted by Sam Tanson
déi gréng @deigreng.bsky.social · 22/03/2025
@samtanson.bsky.social Den Invest an d’Défense dierf net déi aner Baustellen iwwerdecken. Net d’Klima- an d’Biodiveritéitskris. Net déi sozial Ongläichheeten. Net déi Kanner, déi an d’Armut rutschen. Net déi Mënschen, déi schaffen an trotzdeem net iwwer d’Ronnen kommen. #gK2025
092
Reposted by Sam Tanson
déi gréng @deigreng.bsky.social · 22/03/2025
Fraktiounspresidentin @samtanson.bsky.social : Sécherheet ass net nëmmen d’Feele vu Gefor – mee d’Präsenz vu Perspektiv. #gK2025
071
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 11/03/2025
Den Outil heescht effektiv « Question parlementaire », et dierf een awer drop äntwerten 😇 Wéini ass dann elo déi « Sozialronn » déi vrun 2 Méint annoncéiert gouf fir de Sozialdialog « ze verbesseren »?
070
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 08/03/2025
Marche féministe! 💪🏻
071
Reposted by Sam Tanson
François Benoy @fbenoy.bsky.social · 07/03/2025
Onse Gemengeconseiller Stephen De Ron ass vum Marc Lies ënnert der Gürtelligne attackéiert ginn. Et ass net déi éischte Kéier, dass den CSV Buergermeeschter sech net am Grëff huet. Dass d’CSV sech schützend souguer dann hanner hiren Deputé-Maire stellt, wann en anerer bedrot, ass inacceptabel.
1106
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 05/03/2025
Satisfaite que notre motion @deigreng.bsky.social concernant la situation dramatique en RD #Congo et le soutien des sanctions à prendre contre les responsables rwandais des exactions ait été adoptée à l’unanimité par la Chambre des députés du Luxembourg clarifiant ainsi enfin la position 🇱🇺
1113
Reposted by Sam Tanson
déi gréng @deigreng.bsky.social · 01/03/2025
Den Eclat vu gëschter vum Trump weist alt nees: d’US Regierung ass kee verlässlesche Partner.D’Ukrain brauch ons gemeinsam Ënnerstëtzung! E staarkt Europa dierf sech net splécke loossen. Mir sti fest un der Säit vun der Ukrain a fir ons demokratesch Wäerter. ✊🌍 #StandWithUkraine #EUUnity #Demokratie
0205
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 11/02/2025
Mer hunn haut zu 6 Parteien eng Resolutioun géint Attacken op Mënscherechter déposéiert, dat no dem rezenten Haasspost den vun engem Deputéierte geliked gouf
3235
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 05/02/2025
Méi netto vum brutto Versioun CSV-DP : Präis vum elektresch +43.9% am Januar! De Gros dovu geet op d’Erofschrauwe vum Energiepräisdeckel zeréck. Inflatioun vun 1 op 1,9% an engem Mount. D’Haushalter mussen dat ausbueden & et schwächt d’Ekonomie. 👎
3148
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 18/01/2025
Dem François Bausch a mäi Bäitrag zur Défense an dem Militärdéngscht haut am @luxemburgerwort.bsky.social tinyurl.com/y8mf9snr
tinyurl.com
Verteidigungspolitik braucht Klasse statt Masse
Die EU hat bisher den Zug verpasst, mehr in ihre Verteidigung zu investieren. Doch es kommt nicht nur auf die Höhe der Ausgaben an, schreiben François Bausch und Sam Tanson.
051
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 17/01/2025
D‘Gesetzesprojete goufen am Abrëll 2022 deposéiert, no den éischten Avise gouf en 1. Jet vun Amendementer am Februar 23 deposéiert. Den Avis vum Staatsrot ass vu Juni 23.  Wou bleiwen d‘Amendementer? Fir d‘éischt wor gesot gi vrum Summer. Dunn vrun Enn des Joers. 1/2 www.wort.lu/meinung/leit...
wort.lu
Jugendliche im Strafvollzug werden vernachlässigt
Luxemburg versagt seit Jahren beim Schutz junger Straftäter. Reformen sind angedacht. Sie lassen jedoch zu lange auf sich warten.
180
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 10/01/2025
Presserevue vum Dag, cherchez l‘erreur 😇 (Tageblatt / Land)
071
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 10/01/2025
Kloerstellung zu der Diskussioun em de Personalmangel an der Magistratur : Heiansdo muss een eppes kloer stellen wann d'Essenz vun dem wat ee sot ënnerwee verluer gaangen ass. Gëschter krut ech vun RTL d'Fro gestalt wat meng Reaktioun op de Personalmangel an der Justiz wier. Meng Entfert 👇🏻
194
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 14/12/2024
Mäin néie Blogpost 👇🏻 www.samtanson.com/post/m%C3%A9...
samtanson.com
Méi netto vum brutto, eng schlecht isoléiert Mogelpackung?
Méi netto vum brutto, eng schlecht isoléiert Mogelpackung ? Méi Netto vum Brutto, dat ass jo dat grousst Koalitiounsverspriechen vun dëser Regierung. Woubäi heiansdo vergiess gëtt, datt et eigentlech ëmmer d’DP Finanzministesch wor, déi erkläert huet et wier kee Sputt do fir méi déifgräifend Erliichterungen, e Sputt den hire Successeur dunn awer an der Jofferegässel[1] fonnt huet.Ob et elo déi « onerwaart » héig Recette sinn déi des Spréng méiglech maachen, dat sief dohi gestalt. Déi onerwaart R
173
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 06/12/2024
Also déi provisoresch Logementsmesüre fir kuerzfristeg de Marché unzekuerbelen, déi gi verlängert well se scheinbar sou gutt funktionnéieren, obwuel d’Regierung dat bis elo ausgeschloss huet. Klappt wuel awer net sou gutt. 1/2
120
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 06/12/2024
Et ass lo och un der 🇱🇺 Regieung Faarw ze bekennen am Dossier Mercosur, onse Communiqué vun haut 👇🏻 #mercosur @tillymetz.bsky.social greng.lu/aktualiteit/...
greng.lu
déi gréng
021
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 04/12/2024
Leider keng Majoritéit fir ons Motioun gëschter an der Chamber an daer mer Garantien am Mercosuraccord verlangt hunn 👇🏻
031
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 29/11/2024
Kann e mer w.e.g erkläre wisou dat Argument bei Leasingsautoe gëllt mee net bei de Subside bei Keef vu Privatautoen? (asking for a friend)
261
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 24/11/2024
„Luxemburg ist als starke aussenpolitische Stimme in Europa verstummt“, mäi Gastbäitrag bei 👉🏻 www.wort.lu/politik/wegd...
wort.lu
Wegducken kann keine Strategie in der Luxemburger Außenpolitik sein
Nach den US-Wahlen und dem Scheitern der deutschen Ampel muss die Luxemburger Politik sich auf die Suche nach einem gemeinsamen „Wir“ machen, findet Gastautorin Sam Tanson.
031
Sam Tanson @samtanson.bsky.social · 23/11/2024
Let‘s say no to violence #orangeweek
030