Sign in

DP - Demokratesch Partei

@demokrateschpartei.bsky.social
152 followers 35 following 154 posts

Eng responsabel a wäitsiichteg Politik fir d'Leit - mat de Leit 🇱🇺🇪🇺💙 A responsible and forward-looking policy for the people - with the people 🇱🇺🇪🇺💙

PostsRepliesMedia
DP - Demokratesch Partei @demokrateschpartei.bsky.social · 05/10/2025
Eng Ëmaarmung, e Laachen, déi kleng Hand an der grousser – dës Momenter si fir Kanner wéi Balsam fir d’Séil. Et ass awer och wëssenschaftlech bewisen, dass Elteren duerch déi vill Zäit mam Nowuess mental fit bleiwen. 🫂 Mir wënschen alle Pappen e schéine Pappendag! 💙
020
DP - Demokratesch Partei @demokrateschpartei.bsky.social · 02/10/2025
Merci, Votre Altesse. 🇱🇺 📷 Photos © Cour Grand-Ducale #Lëtzebuerg #Luxembourg #GrandDucHenri #Trounwiessel
010
DP - Demokratesch Partei @demokrateschpartei.bsky.social · 15/07/2025
Bildung & Chancëgläichheet 📚: 👉 Handy- a Smartwatch-Verbuet an de Grondschoulen a Maison-Relaisen. Och am Lycée gëlle kloer Reegelen. 👉 Zousätzlech Sportstonnen am Lycée a méi analog Aktivitéiten an de Maison-Relaisen Méi an de Kommentarer 👇
110
DP - Demokratesch Partei @demokrateschpartei.bsky.social · 15/07/2025
🟢 Gréng Luucht fir de Projet ALPHA. 📚 Fir méi Bildungsgerechtegkeet a fir eng Schoul, wou jiddereen eng Chance huet. 💪 All Kand verdéngt ee gudde Start a seng Schoulkarriär – egal wéi eng Sprooch doheem geschwat gëtt. 💬 Méi an de Kommentarer 👇
100
DP - Demokratesch Partei @demokrateschpartei.bsky.social · 12/07/2025
D’DP begréisst dat neit Gesetz vum Familljeminister Max Hahn. 👏 🤝 Eeler Leit kréie méi Hëllef fir kënnen an engem Altersheem oder betreitem Wunnen ënner ze kommen 🪥Och Käschte fir wichteg Alldagsproduite si mat abegraff 👉 E wierdegt Liewen am Alter soll a muss fir jidderee finanzéierbar sinn. 🧓👴
010
DP - Demokratesch Partei @demokrateschpartei.bsky.social · 10/07/2025
Kafkraaft 👛: 👉 Mindestloun gëtt steierfräi 👉 Steiertabell: ëm 2,5 Indextranchen ugepasst Logement 🏠: 👉 Reform vun der Grondsteier & Elaboratioun vun der Leerstand- a Mobiliseierunssteier Méi an de Kommentarer 👇
100
DP - Demokratesch Partei @demokrateschpartei.bsky.social · 09/07/2025
✊♀ D’DP steet hannert de Rechter vun der Fra op Selbstbestëmmung an Dignitéit. Mir begréissen an ënnerstëtzen dat neit Gesetz, dat: 📃🙅‍♀️ Certificats de virginité an Hyménoplastie verbitt; ⏰💭 den Délai de réflexion vun dräi Deeg am Kader vun enger Ofdreiwung ofschaaft. @carolehartmann.bsky.social
010
DP - Demokratesch Partei @demokrateschpartei.bsky.social · 04/07/2025
🛡️📈 Lëtzebuerg investéiert geziilt a seng Stäerkten am Beräich vun der Verdeedegung. Domat ënnerstëtze mir eis Wirtschaft, schafen nei Aarbechtsplazen an droen eisen Deel zur Sécherheet an Europa bäi. 🤝🇪🇺
020
DP - Demokratesch Partei @demokrateschpartei.bsky.social · 01/07/2025
Eng DP-Iddi gëtt Realitéit. Eng eenheetlech Steierklass fir jiddereen, ob een eleng lieft, zesumme wunnt oder bestuet ass. Gerecht, einfach a previsibel. D'Deputéiert @corinnecahen.bsky.social a Patrick Goldschmidt erklären d’Individualiséierung, déi haut an der Finanzkommissioun lancéiert gouf.
000
DP - Demokratesch Partei @demokrateschpartei.bsky.social · 30/06/2025
🎓 De Brevet de Maîtrise gëtt reforméiert – gratis, méi flexibel a méi zougänglech. Eng wichteg Ännerung, déi d’Handwierk nach méi zougänglech mécht. Ee grousse Schrëtt fir all déi, déi gären eppes mat den Hänn maachen – a wëssen, wéi wichteg d’Handwierk fir eis Gesellschaft ass.
000
DP - Demokratesch Partei @demokrateschpartei.bsky.social · 27/06/2025
🚀 Lëtzebuerg setzt op de Weltraum Mir gehéieren zu de Virreider am Space-Secteur. Dëse gëtt ëmmer méi wichteg - fir nei Aarbechtsplazen a fir eng modern, divers Ekonomie. 🗣️ Den DP-Deputéierte Gérard Schockmel huet beim Wirtschaftsminister Lex Delles nogefrot.
010
DP - Demokratesch Partei @demokrateschpartei.bsky.social · 26/06/2025
♿️ Zesumme mam Familljeminister Max Hahn engagéiere mir eis fir méi Autonomie a Rechter fir Mënsche mat Behënnerung. Fir eng Gesellschaft ouni Barrièren a Kompromësser. 🤝 📣 Méi dozou hei: mfsva.gouvernement.lu/fr/actualite...
000
DP - Demokratesch Partei @demokrateschpartei.bsky.social · 25/06/2025
🏠💰 Deng éischt Wunneng? De Bëllegen Akt bleift op 40.000 €. 📈 Wann s du bis den 30. Juni 2025 däi Compromis oder däi Reservatiounskontrakt un den Enregistrement schécks, hues du bis den 30. September 2025 Zäit fir bei de Nottär ze goen ouni dass d’Avantagë verluer ginn. 🤝
000
DP - Demokratesch Partei @demokrateschpartei.bsky.social · 23/06/2025
Mir wënschen Iech e schéinen Nationalfeierdag voller Freed mat Famill a Frënn! 🇱🇺🎆
020
DP - Demokratesch Partei @demokrateschpartei.bsky.social · 19/06/2025
🌐🛡️ Firwat sëtzt Lëtzebuerg um NATO-Sommet mat um Dësch? Well mir eng Verantwortung droen – als Partner, als Alliéierten, als Innovateur. 🤝 Méi an de Kommentarer 👇 @yurikobackes.bsky.social
131
DP - Demokratesch Partei @demokrateschpartei.bsky.social · 16/06/2025
🏥 Zu Lëtzebuerg soll kee laang op eng wichteg Ënnersichung waarde mussen. Fir d’DP bitt de Secteur extra-hospitalier d'Léisung: méi kleng, dezentral Strukture bedeite méi séier Demarchen a manner Deplacementer – fir dass d'Assuréë besser medezinesch versuergt sinn.
110
DP - Demokratesch Partei @demokrateschpartei.bsky.social · 12/06/2025
🛡️ An eis Defense investéieren 📈 🤝 Och Lëtzebuerg muss säin Deel zur kollektiver Verdeedegung bäidroen. 📈 D’Investitioune sinn eng Chance. 🌐 Stéchwuert Dual-Use: Produkter aus dem Defense-Beräich bidden ee groussen technologesche Fortschrëtt an eisem alldeegleche Liewen. Méi an de Kommentarer 👇
100
DP - Demokratesch Partei @demokrateschpartei.bsky.social · 08/06/2025
💐 Mir wënschen alle Mammen an hire Familljen haut e schéine Mammendag! #Mothersday #FêteDesMères
000
DP - Demokratesch Partei @demokrateschpartei.bsky.social · 06/06/2025
🏘️ Méi séier méi abordabel Wunnengen! Privat Baugesellschafte kënne mat der ëffentlecher Hand zesumme schaffen: 👛D’Wunnengen hunn e fairen & abordabele Loyer 🤝D’Gestioun iwwerhëlt e sozialen Acteur 📊De Staat kompenséiert d’Präisdifferenz 📣Méi dozou hei: logement.public.lu/fr/actualite...
000
DP - Demokratesch Partei @demokrateschpartei.bsky.social · 28/05/2025
D'Fraegesondheet verdéngt méi Opmierksamkeet. 👩🩺 ⏰ ⁠Kuerz Waardezäite fir séier Diagnosen 🏥➡️ Kontrollen a Behandlunge - och ausserhalb vun de Spideeler 📍 Individuell Risike berücksichtegen 🔬 Duerch Recherche méi effikass Therapien erméiglechen @carolehartmann.bsky.social
010
DP - Demokratesch Partei @demokrateschpartei.bsky.social · 19/05/2025
🌱🌍 Ëmwelt- a Klimaschutz si weiderhin eng absolut Prioritéit vun der Demokratescher Partei. D’Notzung vum ëffentleche Raum muss optiméiert ginn an doriwwer eraus, mussen d’Leit mat op de Wee vum Changement geholl ginn, fir dass politesch Initiativen zesumme kënnen ëmgesat ginn. 🤝
010
DP - Demokratesch Partei @demokrateschpartei.bsky.social · 19/05/2025
💬 A senger Tribune libre schwätzt de Fraktiounspresident Gilles Baum doriwwer wéi wichteg et ass eis Verdeedegungsindustrie weider auszebauen – souwuel fir eis national a kollektiv Sécherheet ze garantéiere wéi och eis Wirtschaft ze fërderen. Méi dozou an de Kommentarer 👇
110
DP - Demokratesch Partei @demokrateschpartei.bsky.social · 19/05/2025
🇱🇺🛡️ Méi héich Defenseinvestitioune fir eng mei staark national a kollektiv Verdeedegung. D'Regierung schafft aktiv dorunner fir datt dës Investitiounen eis Ekonomie weider ukuerbelen an nei Gelder fir eis Gesellschaft schaaft. @yurikobackes.bsky.social
031
DP - Demokratesch Partei @demokrateschpartei.bsky.social · 17/05/2025
🔎 Lëtzebuerg visibel maachen – an Europa – an der Welt. 🌍 Fir eng kompetitiv an innovativ Wirtschaft brauch et Talenter an allen Aarbechtsberäicher a besonnesch och am Handwierk. Méi dozou an de Kommentarer 👇
120
DP - Demokratesch Partei @demokrateschpartei.bsky.social · 16/05/2025
🔋 51 Mesurë fir erneierbar Energie nach méi attraktiv ze maachen 🤝 Den DP-Energieminister @lexdelles.bsky.social huet haut ee Mesurëpak presentéiert, deen d’Notzung an d’Produktioun vun erneierbaren Energie vereinfacht.
010
DP - Demokratesch Partei @demokrateschpartei.bsky.social · 16/05/2025
🛡️🇪🇺 An der Ëmsetzung vun der europäescher Strategie fir den Ausbau vun der Verdeedegungsindustrie muss Lëtzebuerg aktiv matwierken. D’DP-Deputéiert Gusty Graas a Guy Arendt hu gëschter an der Chamber eng Rei wichteg Punkten ugeschwat. @yurikobackes.bsky.social
031
DP - Demokratesch Partei @demokrateschpartei.bsky.social · 15/05/2025
D’DP setzt sech weiderhi fir een abordabelen Energiepräis an: 150 Milliounen Euro wäert de Staat an d’Netzkäschten investéieren - fir eis Bierger ze ënnerstëtzen a fir d’Kompetitivitéit vun eise Betriber ze stäerken. ⚡️💪 @carolehartmann.bsky.social
011
DP - Demokratesch Partei @demokrateschpartei.bsky.social · 14/05/2025
D’Pressefräiheet, d’Meenungsfräiheet an d’Mënscherechter sinn d’Grondsteng vun eiser Gesellschaft – an eng Haaptprioritéit fir d’Demokratesch Partei. ☝️ Dës Wäerter däerfe mir net als selbstverständlech huelen. Méi an de Kommentarer 👇
110
DP - Demokratesch Partei @demokrateschpartei.bsky.social · 09/05/2025
🇪🇺Den Europadag ass eng Erënnerung un all Memberstaaten, de kollektiven europäesche Friddensprojet och an Zukunft weider ze fërderen. Europa muss eng Leadership-Roll anhuelen, weider aktiv um internationale Plang matwierken a konkret Initiative fir d’Zukunft ënnerhuelen. @charlesgoerens.bsky.social
021
DP - Demokratesch Partei @demokrateschpartei.bsky.social · 04/05/2025
📽️ E kuerze Réckbléck op engem DP Nationalkongress voller Engagement, Diskussiounen an Iddie fir d’Gesellschaft vun haut an d’Generatioune vu muer. 💙 Merci un all déi, déi dobäi waren a matgestalt hunn! 🤝 #Nationalkongress2025 #DPKongress #Kongress2025
021
DP - Demokratesch Partei @demokrateschpartei.bsky.social · 02/05/2025
🎉 70 Joer Demokratesch Partei Eng Partei déi aus der Resistenz eraus entstan ass, mat engem klore Bléck an d’Zukunft. Mat Verantwortung fir Fräiheet a Fortschrëtt - well et ëm muer geet. 💙 #DP #70JoerDP
011
DP - Demokratesch Partei @demokrateschpartei.bsky.social · 01/05/2025
👷👩‍💼 Den 1. Mee ass e Feierdag, dee fir 🇱🇺 an och d'DP e staarke symbolesche Wäert huet. Et ass och e Reminder fir sech an de Kapp ze ruffen, wéi wichteg et ass e staarke Sozialdialog ze fërderen an de "Lëtzebuerger Modell" an de gesellschaftlechen Zesummenhalt als Zil virun Aen ze halen.
010
DP - Demokratesch Partei @demokrateschpartei.bsky.social · 29/04/2025
💬 An hirer Tribune libre schwätzt d'Deputéiert an nei Parteipresidentin @carolehartmann.bsky.social iwwer d'Wichtegkeet vum Sozialdialog an déi zentral Roll vun der DP beim Entstoen an Erhale vum Lëtzebuerger Modell. 🤝 Méi dozou an de Kommentarer 👇
100
DP - Demokratesch Partei @demokrateschpartei.bsky.social · 28/04/2025
☝️ Eng Prioritéit vun der Ministesch @yurikobackes.bsky.social ass elo Realitéit. De Centre National pour Victimes de Violences suergt fir Hëllef op der Plaz. Ob wéinst physescher, psychescher oder sexueller Gewalt, dës Ulafstell bitt déi néideg Ënnerstëtzung an eng global Prise en charge. 🤝
021
DP - Demokratesch Partei @demokrateschpartei.bsky.social · 27/04/2025
💙 Mir wëlle bleiwe wat mir sinn – jo – mee mir wëllen net stoe bleiwen! - @xavierbettel.bsky.social
010
DP - Demokratesch Partei @demokrateschpartei.bsky.social · 27/04/2025
💙 Mir sinn d’Partei, déi no Weeër sicht fir Saachen ze erméiglechen. Virun allem dann, wann se wichteg fir d’Zukunft sinn, wann et ëm d’Gestaltung vun eisem Land geet, wann et ëm muer geet. - @carolehartmann.bsky.social
010
DP - Demokratesch Partei @demokrateschpartei.bsky.social · 27/04/2025
💙 Mir sinn eng Partei déi de Problem un der Wuerzel upeekt, déi sech ni mam Status Quo zefridde ginn huet. Mir sinn eng Partei, déi dobäi ëmmer no fir gekuckt huet. Well mir dovun iwwerzeegt sinn, datt mir d’Zukunft vun de Mënschen an eisem Land positiv gestalte kënnen.- @carolehartmann.bsky.social
010
DP - Demokratesch Partei @demokrateschpartei.bsky.social · 27/04/2025
💙 Et ass un all Partei a besonnesch un der DP, fir hir historesch Verantwortung z'erkennen an doropshin ze schaffen, fir datt mir an Europa nees eng Féierung kréien! - @charlesgoerens.bsky.social
031
DP - Demokratesch Partei @demokrateschpartei.bsky.social · 27/04/2025
💙 D’DP ass eng Partei, déi lieft an déi gemeinsam an eng Richtung geet! - Lex Delles
010
DP - Demokratesch Partei @demokrateschpartei.bsky.social · 23/04/2025
🚀 Shape Your Future – Däi Wee - deng Beruffsausbildung 🫵 Fir dir déi bescht Méiglechkeeten ze bidden denge Passiounen nozegoen an all méiglech Diere fir deng berufflech Zukunft opzemaachen, huet den DP-Minister Claude Meisch dës Campagne an d’Liewe geruff. Méi an de Kommentarer! 👇
100
DP - Demokratesch Partei @demokrateschpartei.bsky.social · 22/04/2025
📣 Opgepasst: Vun haut u si Smartphone a Smartwatch an de Grondschoulen a Maison-relaisen verbueden – fir datt Kanner nees ongestéiert léieren, spillen a sech fräi beweege kënnen. 🤸‍♂️ 🤝 Fir eng besser Screen-Life-Balance a manner digital Oflenkung! 📱
000
DP - Demokratesch Partei @demokrateschpartei.bsky.social · 20/04/2025
Mir wënschen iech an äre Léifste schéin Ouschteren! 🐰🐣 #HappyEaster #Easter #JoyeusesPâques #Pâques
010
DP - Demokratesch Partei @demokrateschpartei.bsky.social · 10/04/2025
D'DP Deputéiert @carolehartmann.bsky.social war de Moien Invitée um 100.7 - wéi soll eis Gesellschaft sech weider entwéckelen, wat ass mam Sozialdësch a wou sollte fir d'Zukunft d'Accente leien. 📣 Hire ganzen Interview fannt dir hei: 100komma7.lu/news/Invitee...
010
DP - Demokratesch Partei @demokrateschpartei.bsky.social · 07/04/2025
Den DP Wirtschaftsminister @lexdelles.bsky.social huet am Luxemburger Wort ënnerstrach wéi wichteg et ass 🇱🇺 och ausserhalb vun 🇪🇺 méi siichtbar ze maachen. Nei Talenter um Marché an eng staark Ekonomie fërderen net nëmmen en nohaltege Wuesstem, mee garantéieren och e staarke Sozialsystem.
010
DP - Demokratesch Partei @demokrateschpartei.bsky.social · 07/04/2025
🎙️🔋 Den DP Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus, @lexdelles.bsky.social war de Weekend Gaascht beim RTL Background. D'Energietransitioun, d'Präisentwécklung, de Prefinanzement fir Photovoltaik-Anlage grad wéi aner Regierungsmesuren an de Soziale Klimaplang waren ënnert anerem Thema.
010
DP - Demokratesch Partei @demokrateschpartei.bsky.social · 03/04/2025
📱 An enger ëmmer méi digitaler Welt sinn Online-Contenue schwiereg ze moderéieren. Desinformatioun, geféierlech Inhalter a Produite laueren och um Internet. Als DP sti mir kloer hannert dem Digital Services Act (DSA) de soll hëllefen, dës besser ze kontrolléieren. @lexdelles.bsky.social
010
DP - Demokratesch Partei @demokrateschpartei.bsky.social · 02/04/2025
🏛️🔍 Mat der Upassung vum Patrimoinesgesetz déi haut an der Chamber gestëmmt gouf iwwerhëlt de Staat ab elo 100% vun de Käschte fir präventiv archeologesch Fouillen. 🏗️💶 Dat bedeit: Entlaaschtung fir de Logementssekteur a Stäerkung vun der Kafkraaft! 💪 #PatrimoineCulturel
001
DP - Demokratesch Partei @demokrateschpartei.bsky.social · 01/04/2025
💶📚 Eng gutt Finanzbildung ass de Schlëssel fir sécher a responsabel Finanzentscheedungen, een effikasse Schutz géint Finanzbedruch an Iwwerverschëldung. Dofir setze mir eis weider dofir an d‘Finanzbildung an eise Schoulen ze fërderen, fir dass schonn all Kand de richtegen Ëmgang mat Sue léiert. ☝️
011
DP - Demokratesch Partei @demokrateschpartei.bsky.social · 26/03/2025
🇪🇺 Kaum eppes aneres steet méi fir d'EU wéi d'Schengener Ofkommes wat haut virun 30 Joer a Kraaft getrueden ass. Hautzudaags kann een sech kaum méi permanent Kontrollen op de Bannegrenze virstellen. Fir datt dëst esou bleift setzt sech d'DP weiderhi staark fir oppe Bannegrenzen am Schengenraum an. 🤝
010
DP - Demokratesch Partei @demokrateschpartei.bsky.social · 25/03/2025
An Zäite wou LGBTIQ+ Rechter international ëmmer méi a Fro gestallt ginn, setzt Lëtzebuerg ee kloert Zeeche fir Diversitéit a Gläichberechtegung. 💙✊ Méi dozou an de Kommentarer 👇 @yurikobackes.bsky.social
131