Sign in

Lex Delles

@lexdelles.bsky.social
106 followers 21 following 88 posts

Compte officiel de Lex Delles, ministre de l’Économie, des PME, de l’Énergie et du Tourisme du Grand-Duché de Luxembourg

PostsRepliesMedia
Lex Delles @lexdelles.bsky.social · 17/03/2026
🛠️ Visite beim Atelier Artec zu #Keel – wou Medailen entstinn🏅 All Medail ass e klengt Konschtwierk, dat Traditioun a modern Gestaltung 🎨 vereent. Medailen🏅ginn hei an Handaarbecht 🤲 gemaach, mat engem déifen Verständnis fir d’Materialien an engem A fir d’Detail 👀.
010
Lex Delles @lexdelles.bsky.social · 16/03/2026
Um Energie-Ministerrot zu #Bréissel hu mir haut geschwat iwwer : 🛢D‘Energiepräisser : déi aktuell Spannungen op de Mäert verdäitlechen, datt mir eis Ofhängegkeet vum Ueleg an Äerdgas reduzéiere mussen.⚡Dat bedeit, mir brauchen: méi Energie „made in Europe“, méi Elektrifizéierung an Energieeffizienz.
031
Lex Delles @lexdelles.bsky.social · 12/03/2026
#Pressekonferenz #Handwierkerhaff D‘Handwierk stäerken 🔧 an eis limitéiert Ressource „Buedem“ méi intelligent notzen 🌱 – dat ass d’Iddi hannert dem Handwierkerhaff. Um ale Site vu Liberty Steel setzen mir dofir op Densifikatioun 🏗️: Flächen effizient notzen 📏 a Synergien tëscht Betriber schafen 🤝
000
Lex Delles @lexdelles.bsky.social · 03/03/2026
Reunioun mam Sudhakar Sivaji, CEO vun Aperam - eng international Entreprise, déi hiren Headquarter hei zu Lëtzebuerg huet, a weltwäit Edelstol produzéiert, deen net rascht, an elektresche Stol mat magnéiteschen Eegenschaften hierstellt.
020
Lex Delles @lexdelles.bsky.social · 26/02/2026
Wéi kënne mir d’Industrie an Europa stäerken?🏭 Gëschter hu mir mat de 19 Ministere vun den „Friends of industry“ doriwwer geschwat, wéi mir dat richtegt Gläichgewiicht tëscht hëllefräichen EU‑Reglementer an der Stäerkung vum Innovatiounspotenzial an der Kompetitivitéit vun der Industrie fannen.
010
Lex Delles @lexdelles.bsky.social · 28/01/2026
#Pressekonferenz Den Talent Desk mëscht muer seng Dieren op – eng wichteg Etapp fir d’Attraktivitéit vu Lëtzebuerg als Aarbechts- a Liewensstanduert 🇱🇺✨ 📲 Parallel dozou ass de Portal www.workinluxembourg.com och elo online.
workinluxembourg.com
Your future starts here | Work in Luxembourg
Work in Luxembourg is a government-led initiative that showcases Luxembourg’s advantages as a destination for skilled professionals from around the world.
030
Lex Delles @lexdelles.bsky.social · 26/01/2026
Um Nordsee-Gipfel zu #Hamburg mam Premier Luc Frieden. Eist Zil: de Wand an der Nordsee zum gréisste Stroumkraaftwierk an Europa ze maachen – fir eng propper, onofhängeg a sécher europäesch Energieversuergung 🇪🇺🤝🇩🇪🇧🇪 🇩🇰 🇫🇷 🇬🇧 🇮🇪 🇱🇺 🇳🇱 🇳🇴 🇮🇸
010
Lex Delles @lexdelles.bsky.social · 20/01/2026
Visite am Luxembourg Marriott Hotel Alfa op der Gare – e Stéck Geschicht, dat no der Renovatioun seng Gäscht mat frëschem Charme empfänkt🛋️. Schéin ze gesinn, wéi sech déi touristesch Offer weiderentwéckelt an eng flott Geleeënheet, fir sech iwwert dëse wichtege Wirtschaftssecteur auszetauschen.
011
Lex Delles @lexdelles.bsky.social · 14/01/2026
📬 Mat frëscher Energie an d’neit Joer gestart: d’POST geet 2026 mat ambitiéise Projeten un – vun neien Infrastrukturen a Servicer bis zu digitaler Moderniséierung 💡📦💻. Hannert dëser Dynamik steet eng motivéiert Ekipp an eng laangfristeg Visioun – nëmme weider sou👍
010
Lex Delles @lexdelles.bsky.social · 14/01/2026
Mat Satellittebiller hëlleft d’Firma #Hydrosat Baueren a méi wéi 60 Länner bei der Bewässerungsplanung vun hire Ubauflächen🌍📡. D’Zil: de Waasserverbrauch reduzéieren an d’Agrarerträg gläichzäiteg maximiséieren🌱. Dat weist, wéi modern Technologie aus Lëtzebuerg weltwäit kann en Impakt hunn🌾
010
Lex Delles @lexdelles.bsky.social · 13/01/2026
Merci dem @statec-luxembourg.bsky.social fir seng onofhängeg Aarbecht, mat där Donnéeën an nëtzlecht Wëssen ëmgewandelt ginn.Den STATEC versteet et, Informatiounen op eng verständlech Manéier bei d’Leit ze bréngen – eng essenziell Grondlag fir eng informéiert Gesellschaft. Op nach vill Analysen 2026
011
Lex Delles @lexdelles.bsky.social · 23/12/2025
E Bléck hannert d’Kulisse vun der Offallwirtschaft (oder ganz vill och Circularitéit) bei Lamesch zu Beetebuerg. Mat 540 Salariéë ginn hei ë.a. all Joers 220.000 Tonne recycléierbar Offäll verschafft♻️ – e staarke Bäitrag zur Kreeslafwirtschaft 🔄.
020
Lex Delles @lexdelles.bsky.social · 16/12/2025
350 Joer Entrepreneursgeschicht zu Lëtzebuerg : zesumme mam Grand-Duc Guillaume hu mir haut dräi Betriber besicht, déi zanter Generatiounen e feste Pilier vun eiser Wirtschaft sinn : Reinert, Minusines an den Home Center Willy Putz.Zesumme vereenen si 350 Joer Bestännegkeet, Erfarung an Innovatioun
020
Lex Delles @lexdelles.bsky.social · 10/12/2025
Aarbechtsvisitt zu San Francisco mam Xavier Bettel 🌉 Mir sinn an der Silicon Valley fir eis mat Tech-Virreider am autonome Fueren auszetauschen. 🎯 Zil: Perspektiven ausschaffe fir e séchert autonoomt Fueren zu Lëtzebuerg.
040
Lex Delles @lexdelles.bsky.social · 02/12/2025
Editioun 2025 vun den Entrepreneurs‘ Days – am Fokus: Transmissioun vun Entreprisen🔄. 🤝Zesumme mat eise Partner, begleeden mir d’Entreprisen bei der Iwwergab : mat Programmer wéi „proTransfer“ vun der SNCI oder dem Site „businesstransfer.lu“. Nei an der Ausaarbechtung: eis Aide “Ready for Transfer”.
010
Lex Delles @lexdelles.bsky.social · 01/12/2025
Haut zu Senneng: Sozialdialog am Kader vum Europäesche Semester 2026. Zesumme mam Gilles Roth an de Sozialpartner gouf déi ekonomesch Analyse vun der EU-Kommissioun fir Europa a Lëtzebuerg beschwat. Zil: eng nohalteg Wuesstemspolitik duerch Innovatioun an administrativ Vereinfachung.
020
Lex Delles @lexdelles.bsky.social · 26/11/2025
Haut si mir um ministerielle Conseil vun der #ESA zu #Bremen. Themen: d’Ausriichtung vun der europäescher Raumfaart 🛰️, Investitiounen, Innovatiounen, Zesummenaarbecht 🤝 an déi richteg Impulser fir eis Wirtschaft 📈 an europäesch Souveränitéit.
010
Lex Delles @lexdelles.bsky.social · 25/11/2025
🤝 Entrevue mam Ekaterina Zaharieva – EU Commissioner for Startups, Research & Innovation 🇪🇺 Mir hunn iwwert d’Ambitioune vun der EU fir Start-ups & Scale-ups geschwat an d’Wichtegkeet vun engem staarke Support ënnerstrach. Zesumme fir en europäesche Startup-Ekosystem, dee global konkurrenzfäeg ass💡
000
Lex Delles @lexdelles.bsky.social · 13/11/2025
Mir haten e wichtegen Austausch mat der Alliance des communes contre l’énergie nucléaire.D’Regierung an d’Gemengen si sech eens, datt d’Atomzentralen no un der Lëtzebuerger Grenz sollen ofgeschalt ginn an datt den Ausbau vun den erneierbaren Energien d’Zukunft vun eiser Energieversuergung duerstellt
000
Lex Delles @lexdelles.bsky.social · 12/11/2025
Wéi mir bauen a liewe verännert sech – mat méi nohaltege Gebaier a smarter Technologie🌱🏗️. D’Konferenz „BIMLUX & Construction durable pour des villes résilientes“ bréngt Nohaltegkeet 🌍 an digital Léisungen 💻 an der Bau- a Stadentwécklung zesummen, fir d’Stied vu muer méi effizient ze gestalten 🏙️.
000
Lex Delles @lexdelles.bsky.social · 11/11/2025
🔆 E Projet phare an der Industrie, wat #Photovoltaik ugeet : Goodyear - zesummen mat Enerdeal - investéiert a 15.000 Solarpanneau’en um Colmer-Bierg.Mat dësem Projet gëtt Colmer-Bierg zu engem richtege Solar-Hotspot a #Goodyear protegéiert sech géint Energiepräisvariatiounen iwwert déi nächst Joren.
020
Lex Delles @lexdelles.bsky.social · 04/11/2025
022
Lex Delles @lexdelles.bsky.social · 28/10/2025
60 Joer Innovatioun made in Luxembourg - Happy Birthday #Gradel ! Zanter 1965 steet d’Entreprise fir Ingenieurskonscht op héchstem Niveau – vu Maschinne fir d’Industrie 🔧🏭 bis zu Léisunge fir de Loft- ✈️ a Raumfaartsecteur 🚀, d’Défense 🛡️ an d’kënschtlech Intelligenz 🤖.
010
Lex Delles @lexdelles.bsky.social · 13/10/2025
Et war mir eng Freed, bei der Aweiung vun der neister #Investitioun vu Grosbusch derbäi ze sinn – enger héichmoderner Gromperen-Schiel-Anlag 🥔, eenzegaarteg an der Groussregioun. Hei kënnen iwwer 10 Tonnen Lëtzebuergesch Gromperen den Dag geschielt a geschnidde ginn.
010
Lex Delles @lexdelles.bsky.social · 02/10/2025
Zesumme mam Finanzminister Gilles Roth hu mir haut de Prêt Compétitivité Pérennité (PCP) lancéiert – eng gezielte finanziell Ënnerstëtzung fir zukunftsorientéiert Investissementer, vun der besonnesch eis PME'en profitéiere kënnen. 🔗Weider Infos: gd.lu/51CxXD
000
Lex Delles @lexdelles.bsky.social · 30/09/2025
Entrevue mam Jeff Bullwinkel a sengem Team vu #Microsoft iwwer de Rôle vun innovativen Technologien am europäesche Kontext, kënschtlech Intelligenz 🤖 an digital Solutioune fir Betriber 💻fir méi Kompetitivitéit.
000
Lex Delles @lexdelles.bsky.social · 22/09/2025
Déi International Energieagentur #IEA ass dës Woch op Besuch zu Lëtzebuerg fir eng detailléiert Analyse vun eiser Energiepolitik ze maachen🔎. Dëse Bléck vu baussen hëlleft eis sënnvoll Verbesserungspunkten z'identifizéieren 🎯 – mir freeën eis schonn op hir konkret Empfeelungen 🔌🔋.
020
Lex Delles @lexdelles.bsky.social · 18/09/2025
Eng weider innovativ Firma, déi eise Space Secteur beräichert: Abléck an d‘Welt vun der Satellittekommunikatioun bei OQ Technology zu Leideleng. D’Firma verbënnt Geräter op der ganzer Welt iwwer Satellitten🛰️📶, och do wou et keen normalen Netzzougang gëtt – z. B. iwwert dem Mier 🌊 oder bei Noutfäll 📡
020
Lex Delles @lexdelles.bsky.social · 16/09/2025
ECHO-WAVE bréngt Wandenergie 🌬️ an Agri-PV ☀️ zesummen, fir zu #Kielen grénge Waasserstoff ze produzéieren – lokal, nohalteg an innovativ. Duerch d’Zesummenaarbecht vu #GPSS a #Soler entsteet eng Zukunftsléisung, déi d’Energietransitioun virundreift 🔋⚡
030
Lex Delles @lexdelles.bsky.social · 03/09/2025
Ronn 70% vun alle medezineschen Decisioune baséieren op Laboanalysen🧪– dat weist, wéi essenziell präzis Analysen am Gesondheetswiese sinn.Op eiser Visitt bei Ketterthill hu mir gesi wéi modern Technologie a mënschlech Kontroll sech ergänzen – fir eng zouverlässeg Diagnos zum Wuel vum Patient.
130
Lex Delles @lexdelles.bsky.social · 28/08/2025
Bei Husky zu Diddeleng, Expert am Design vu Gussformen🔩 fir z.B. PET-Fläschen🍶 a medezinescht Equipement 💉, stinn Digitalisatioun an Nohaltegkeet am Fokus. D‘Zil ass et, PET-Produiten esou ze gestalten, dass se vollstänneg an de Kreeslaf zeréckgefouert kënne ginn♻️ .
020
Lex Delles @lexdelles.bsky.social · 21/07/2025
#Pressekonferenz Presentatioun vum Bilan 2024 vun den Autorisations d’établissement an 3 Etüden iwwert d’Konsumverhale vun de Residenten a vun den Awunner aus der Groussregioun, souwéi iwwert d’Horeca-Frequentatiounen 🍽️📊. Weider Informatiounen : gd.lu/5H7HhM
gd.lu
Lex Delles a présenté le bilan 2024 des autorisations d'établissement et les résultats des études sur les habitudes de consommation et la fréquentation dans l'Horeca
En date du 21 juillet 2025, le ministre de l'Économie, des PME, de l'Énergie et du Tourisme, Lex Delles, accompagné de Théodore Biewer, Chief of Staff de Luxembourg Confederation et de Steve Martellin...
130
Lex Delles @lexdelles.bsky.social · 15/07/2025
Interessanten Austausch iwwert nohaltegen Tourismus 🌿 a grenziwwerschreidend Projete mam Gregor Freches, Minister fir Kultur, Tourismus, Sport a Medie vun der däitschsproocheger Communautéit an der Belsch 🇧🇪. Eis regional Verbonnenheet bitt e grousst Potenzial fir d'Zesummenaarbecht.
150
Lex Delles @lexdelles.bsky.social · 09/07/2025
🔋D‘Batterië sinn e Schlëssel zur Energietransitioun: ✅si stabiliséieren d'Stroumnetz⚡ ✅erliichteren d'Integratioun vun erneierbaren Energien🌞🌬️ 👉Eis Strategie setzt dofir op 20 Moossnamen📋, fir d'Batteriespäicherung méi séier an einfach an d'Stroumnetz z'integréieren.Déi ganz Strategie: gd.lu/cK53hn
040
Lex Delles @lexdelles.bsky.social · 08/07/2025
Inauguratioun vun der Tankstell zu Bierchem: D’Q8 huet d’Concessioune fir déi zwee Sitten gewonnen - eng vun de weltgréissten Autobunnstatiounen. Zanter eiser Ausschreiwung 2025 muss all nei Tankstell Solar-Panneauen op hiren Diecher opriichtena kann och Elektrobornen op der Tankstell installéieren.
030
Lex Delles @lexdelles.bsky.social · 07/07/2025
Entrevue mat Electra, ee vun de gréissten Operateure vu Schnellluede-Statiounen an Europa 🔌 Si wëllen bis 2030 insgesamt 15.000 Fastchargeren a Betrib huelen⚡️Och eis ass et en Uleies, d'Luetinfrastruktur sou ze gestalten, datt d'Fueren an d’Reese mam Elektroauto praktesch, séier a komfortabel ass.🔋
020
Lex Delles @lexdelles.bsky.social · 02/07/2025
Coconut Pets 🐶🐾a Social Cooling🧊💨: zwee jonk Entrepreneuren 👩‍💼👨‍💼, déi de Wirtschaftsministère beim Lancement vun hirem Betrib mat der Aide à la primo-création finanziell begleet huet 🤝. Haut stinn hir Betriber op zolitte Féiss an entwéckelen sech weider 📈.
040
Lex Delles @lexdelles.bsky.social · 02/07/2025
#Pressekonferenz #Bilan #Aideregimmer Dem Ministère ass et wichteg, déi néideg Outilen zur Verfügung ze stellen, fir eis Betriber z’ënnerstëtzen. Eis Fërderinstrumenter ëmfaassen ë.a. finanziell Hëllefen fir: - RDI, - Grënnung vun neie Betriber, - ekologesch, energeetesch an digital Transitioun,
020
Lex Delles @lexdelles.bsky.social · 01/07/2025
Eis Betriber brauche gutt ausgebilte Leit. Mam Claude Meisch hate mir d’Geleeënheet d'Aarbecht vum Centre national de formation professionnelle continue besser kennenzeléieren. Hei gëtt vun der Coiffeur-Formatioun bis zur Elektrikerausbildung alles gebueden, fir d'Leit op d’Beruffswelt virzebereeden
010
Lex Delles @lexdelles.bsky.social · 25/06/2025
Haut goufen dräi wichteg Gesetzesprojete an der Chambre des Députés gestëmmt: ✅ Neien Aideregime am Industriesecteur fir Betriber, déi vu Gas op Elektresch wiesselen⚙️⚡️✅ Finanzéierungsgesetz fir 🇪🇺 Kooperatioune bei erneierbaren Energien ✅ Finanzéierung vum KI-Supercomputer an der AI Factory
010
Lex Delles @lexdelles.bsky.social · 24/06/2025
Ugefaange mat engem Patent fir Wäscheklamere viru 46 Joer, ass Tontarelli haut zu engem féierenden Hiersteller fir Haushaltsproduiten aus Konschtstoff ginn. Op der Betribsvisitt zu Bascharage huet Tontarelli eis hir Produite gewisen, déi zu 50% aus recyceltem Plastik bestinn.
010
Lex Delles @lexdelles.bsky.social · 24/06/2025
Wat ass eng Smart City? Eng Gemeng oder Stad, déi digital Technologien notzt, fir d'Liewensqualitéit vun de Bierger ze verbesseren, zB. intelligent Luuchten. Mam Emweltministère hu mir en Appel à projets lancéiert fir Gemengen a Syndikater bei hire Smart City Projeten z’ënnerstëtzen. gd.lu/26mPBS
010
Lex Delles @lexdelles.bsky.social · 18/06/2025
Éischte Grondsteen zu Beetebuerg geluecht : Vodafone baut säin europäesche Logistikzenter zu Lëtzebuerg a beweist domat säi Vertrauen an d’Innovatiounskraaft an d’Stabilitéit vun eiser Wirtschaft. Dëst Gebai kombinéiert wirtschaftlech Entwécklung an Ëmweltverantwortung.
040
Lex Delles @lexdelles.bsky.social · 17/06/2025
Dynamesch Stëmmung bei Nexus an der Luxexpo The Box haut – eng Plattform déi kreativ Entreprisen a Start-ups zesummebréngt, Innovatioun virundreift souwéi technologesch an digital Léisungen ubitt an international Zesummenaarbecht, z.B am Beräich AI, fërdert.
020
Lex Delles @lexdelles.bsky.social · 14/06/2025
Gläich zwee bedeitend Momenter fir Europa 🌍 a Lëtzebuerg haut: de 40. Gebuertsdag vun der Signature vum Schengener Ofkommes ✍️ an de Retour vum Schëff „Prinzessin Marie-Astrid Europa“ 🚢 op Lëtzebuerg, op deem den Accord ënnerschriwwe gouf.
010
Lex Delles @lexdelles.bsky.social · 12/06/2025
Impressioune vun eise Reuniounen zu Paräis 🇫🇷🤝: 📸 Mat den 🇱🇺 Start-ups um Stand vun der #Vivatech 📸 RDV am Campus Cyber mat Thales, GICAT an Ryder & Davis 📸 Session de travail mat der #Sorbonne Université fir d’Relatiounen tëscht eisen Inkubatoren - wéi dem Technoport - weider ze stäerken 💡🔗
000
Lex Delles @lexdelles.bsky.social · 11/06/2025
#Vivatech
000
Lex Delles @lexdelles.bsky.social · 10/06/2025
Och dëst Joer war de “Wine Taste Enjoy“ erëm eng gutt Geleeënheet fir 🇱🇺 Wäiner an d’Musel an d’Vitrinn ze stellen : tëscht 8000-9000 Residenten & auslännesch Visiteuren waren dëst Joer um Event dobäi – e schéinen Erfolleg mat Degustatioune🍾, Treffe mat de Wënzer a Spadséiergäng duerch d'Wéngerten 🌿.
000
Lex Delles @lexdelles.bsky.social · 10/06/2025
D’Eisebunn gehéiert zu eisem Patrimoine an huet zu eiser wirtschaftlecher Entwécklung bäigedroen. Et war eng Freed bei der Aweiung vun der „Millebunn“ zu #Ouljen dobäi ze sinn an ze gesinn, datt d‘Miniaturzich kulturell ewéi och touristesch bei Grouss a Kleng en Highlight sinn.
010
Lex Delles @lexdelles.bsky.social · 05/06/2025
Den Accord de Schengen huet Europa verännert: säit 40 Joer oppe Grenze - en Ofkommes dat fir Fräiheet an Zesummenhalt an der #EU steet 🇪🇺. De 40. Gebuertsdag vun der Ënnerschrëft um Schëff „Prinzessin Marie-Astrid Europa“🚢 ass de 14. Juni. An dofir si mir houfreg, d'Schëff deen Dag erëm zu 🇱🇺 ze hunn.
010