Sign in

Yves Steffen

@yvessteffen.bsky.social
58 followers 37 following 29 posts

Gemengerot @Diddeleng 🌻 CEX @déi gréng 🦊 Aktivist @VëloDiddeleng 🚲

PostsRepliesMedia
Yves Steffen @yvessteffen.bsky.social · 29/09/2025
❓ Mär krute keng Äntwerten op eis 3 Froen. De Schäfferot mécht vum Recht gebrauch sech e Mount heivir Zäit ze loossen. 🍀 ⁠D’Martine Loullingen an de Walter Berettini si fir d’Martine Kohn an de Romain Zuang bei der LSAP nogeréckelt. Op eng flott Zesummenaarbecht an alles Guddes.
000
Yves Steffen @yvessteffen.bsky.social · 29/09/2025
👶 Upassungen zum PAP „a Bëlleg“ mat enger Gemengecrèche fir 45 Kanner och. 🇵🇸 D’Ophänke vum Fändel vu Palästina an dem Friddensfändel hu mär op Initiativ vun déi Lénk mat gestëmmt.
010
Yves Steffen @yvessteffen.bsky.social · 29/09/2025
👑 Beim Budget vum Grand-Duc senger Tournée hu mär eis missten enthalen, et war fir eis net kloer wéi sech de Budget vun 0,5 Milliounen sech zesumme setzt a mär do kee blanco Scheck mat ëffentleche Gelder konnten ausstellen. 🚌 Konventioun zur Zukunft vum TICE hu mär mat gestëmmt.
000
Yves Steffen @yvessteffen.bsky.social · 29/09/2025
Haut war Gemengerot: 🚳Eis Motioun zu Cargobikes ass just vun der LSAP net gestëmmt ginn. An eisen Aae feelt hei de fil rouge vun der Transitioun an e verkéiersberouegt Diddeleng.
300
Yves Steffen @yvessteffen.bsky.social · 18/07/2025
🎾 De Virfinanzement vun enger Bogenhalle fir den Tennis (eng iwwerdaachte Léisung während dem Chantier vun der Kennedy-Hal an och fir duerno) hu mär mat gestëmmt.
000
Yves Steffen @yvessteffen.bsky.social · 18/07/2025
☘️d’ @martinekohn huet eis matgedeelt, dass hatt am Gemengerot demissionéiert. Mär soen him Merci fir eng flott Zesummenaarbecht, och wa mär net ëmmer enger Meenung waren, sou war et ëmmer flott an der Saach ze diskutéieren an sech duerno kollegial am Off ze begéinen.
000
Yves Steffen @yvessteffen.bsky.social · 18/07/2025
🥵 Eis Froen zu der Canicule si beäntwert ginn an hunn eis Opschloss ginn iwwer d’Décisiounen. 🇵🇸Als eenzeg hu mär d’Motioun vun @dei_lenk_diddeleng mat gestëmmt, e Jumelage mat Jenine a Palestina an d’Weeër ze leeden.
000
Yves Steffen @yvessteffen.bsky.social · 18/07/2025
🤼 Mär hunn eis dofir ausgeschwat d’Veräinssubsiden namol z’iwwerschaffen a Plafonden z’iwwerdenken. De Schäfferot huet Ouverture an Aussiicht gestallt.
000
Yves Steffen @yvessteffen.bsky.social · 18/07/2025
Haut war Gemengerot: ☀️ Eis Motioun fir Photovoltaikanlagen op Balcone kënnen z’installéieren, gouf just vun der absolutter Majoritéit net ugeholl. D’Diskussioune wäerten allerdéngs an der Ëmweltkommissioun weider gefouert ginn. ⁠
420
Yves Steffen @yvessteffen.bsky.social · 13/06/2025
🎼d’Organisatioun vun der Musekschoul ⁠ 🗞️eis op de Rezenten Artikel vu Reporter.lu vu Mee 25 „Affaire de corruption – Le fonctionnaire et l’argent noir des communes“ hate mär zesumme mat déi Lénk an der CSV dem Schäfferot Froe gestallt, fir Transparenz a Kloerheet an dëser Affairen ze kréien. 2/2
reporter.lu
000
Yves Steffen @yvessteffen.bsky.social · 13/06/2025
📝Haut am Gemengerot 🏘️ beim Urbanismus hu mär engersäits punktuell Ännerunge vun den ëffentlechen Infrastrukturen esou wéi d’convention d’exécution vum PAP Centre - NeiSchmelz an anerersäits Upassunge vu PAG a Bautereglement matgestëmmt, déi nei Wunnforme wéi Tiny Houses zu Diddeleng erméiglechen 1/2
110
Yves Steffen @yvessteffen.bsky.social · 12/06/2025
Merci @luxemburger_wort an @mike.stebens fir de Portrait zu mengem Gebrauch vum Velo als Fortbewegungsmëttel 😊🗞️ 🔗 www.wort.lu/luxemburg/su... 📸 ©️ @luxemburger_wort / Chris Karaba #mvos #mvos365 #commuter #cycling
000
Yves Steffen @yvessteffen.bsky.social · 02/06/2025
⛹️‍♀️🤸‍♂️Beim Schoulsport hu mär begréisst, dass déi drëtt Sportsstonn d’nächst Schouljoer an all de Schoule ka statt fannen, wéi se am Plan d’Etudes virgesinn ass. Mär hunn hei och profitéiert, fir eis Aarbecht vun de läschten zwee Joer nach emol ze resuméieren a verschidden oppe Froen ze klären. 3/3
000
Yves Steffen @yvessteffen.bsky.social · 02/06/2025
👨‍🏫👩‍🏫 An der Diddelenger Bildungslandschaft ginn et ganz vill flott kollaborativ Projeten, wou Brécke geschloe ginn, domat den Encadrement am formale, wei non-formale Beräich fir d’Kanner esou wäertvoll ka sinn. 2/3
000
Yves Steffen @yvessteffen.bsky.social · 02/06/2025
✅ Den Owend hu mär am Gemengerot déi provisoresch Schoulorganisatioun 25/26 gestëmmt. 🏫📚An eiser Stellungnam hu mär allen Acteuren e grousse Merci ausgeschwat, fir hiren Engagement. 1/2
200
Yves Steffen @yvessteffen.bsky.social · 23/05/2025
De Moien fréi den éischten Exemplaire beim Narmina nach viru Ladenöffnung kaf 🤩 ➡️ ab haut ze hunn bei der Librairie Diderich an der Librairie Ernster
000
Yves Steffen @yvessteffen.bsky.social · 01/04/2025
🗞️ Haut am Tageblatt: ✅ den Historique vun eiser Motioun fir den Interrail Ticket 🚂🌻 ✅ e Recap zur Motioun zur 3. Sportsstonn wou ofgeännert unanime gestëmmt ginn ass 🤸‍♂️🏀 ➡️ www.tageblatt.lu/headlines/ge...
010
Yves Steffen @yvessteffen.bsky.social · 31/03/2025
(3/3) 🏗️Embauten bei Ofwaasser, Maison relais a Klassesäll an dem provisoreschem Container bei der Brillschoul waren och haut Thema
000
Yves Steffen @yvessteffen.bsky.social · 31/03/2025
(2/3) 🚉 Motioun Interrail-Pass gouf op eis Initiativ am Juni 24 präsentéiert, haut ass d’Dauer vun der Gültegkeet an de Montant namol diskutéiert ginn. Do hu mir e Kompromëss vun 2 Joer Gültegkeet amplaz vum Schäfferot proposéiert 1 Joer an 200 € amplaz vun 100€ erreecht. Initial wollte mär 300€.
100
Yves Steffen @yvessteffen.bsky.social · 31/03/2025
Haut war Gemengerot 🌆 Mam Stëmme vum Taxereglement ka geschwë jiddereen sech d’Diddelenger Skyline fir 30€ Doheem un d’Mauer hänken 🏀Eis Motioun zum Schoulsport gouf, modifiéiert, unanime ugeholl.D‘Gemeng hëlt domat de Schoulsport, wéi en am Plan d’Etudes definéiert ass, an seng Schoulorga op (1/2)
100
Yves Steffen @yvessteffen.bsky.social · 11/03/2025
Haut war en informelle Gemengerot 🤓 ➡️ Präsentatioun vun de Statistiken an de Resultater zum Sondage am Kader vum Gemengepakt „zesumme liewen“ wou d‘Diddelenger Gemeng Deel hëlt. 📝 ➡️ Interessant a konstruktiv Gespréicher fir d‘Bierger weider an d‘interkulturellt Zesummeliewen anzebannen. 🤝
021
Yves Steffen @yvessteffen.bsky.social · 14/02/2025
2/2 •⁠ ⁠❓mär hunn 2 Froen zur Mobilitéit (Zugverbindung an duuss Mobilitéit) an 1 zu Tiny Forest gestallt. •⁠ ⁠👨‍🦳 Der CSV hier Motioun, de Projet Super Senior hu mär mat gestëmmt an zu hirer Motioun zum Frigo solidaire hu mär no engem Konsens gesicht mat enger Géigepropose, déi unanime ugeholl gouff.
000
Yves Steffen @yvessteffen.bsky.social · 14/02/2025
🏛️ Haut war Gemengerot: •⁠ ⁠🚲🚶‍♂️‍➡️Mär freeën eis op de Shared Space, deen ab dem 1. Abrëll nees Mëttes an Owes autofräi wäert sinn •⁠ ⁠⚽️ Den F91 kritt eng nei Tribün. •⁠ ⁠💰Zum Plan Pluriannuel Financier hu mär eis Vue mat abruecht. •⁠ ⁠🏡 De neie PAP Ribeschpontergriecht hu mär matgestëmmt. 1/2
110
Reposted by Yves Steffen
Luisa Neubauer @luisaneubauer.bsky.social · 09/02/2025
Für die Wähler:innen ist es relevant. Für die künftige Regierung ein Dauerthema. Für die Zukunft Deutschlands existenziell. Und sie stellen im #TVDuell nicht eine einzige Frage zum Klima. Unfassbar.
10448871110
Yves Steffen @yvessteffen.bsky.social · 28/01/2025
Wichteg fir eng oppen an tolerant Gesellschaft! 👍 100komma7.lu/news/No-Cham...
100komma7.lu
No Chamberdebatten: LGBTQIA+ Sujete gehéieren an den Unterrecht
D‘LGBTQIA+ Sujete gehéieren an d‘Schoul. Dat ass d‘Conclusioun vun der Regierung no zwou ëffentlechen Debatten iwwer Petitiounen zu där Fro. Eng vun de Petitiounen hat genee de Géigendeel gefuerdert.
000
Yves Steffen @yvessteffen.bsky.social · 27/01/2025
Lastenräder si wirklech praktesch a maan Spaass am Alldag 😎 #lastenrad www.forschung-und-wissen.de/nachrichten/...
forschung-und-wissen.de
Lastenräder können viele Autofahrten ersetzen und sind oft gleich schnell
Gewerbliche Autofahrten ersetzen? Lastenräder sind schnell, nachhaltig und reduzieren CO₂-Emissionen sowie Verkehr in Deutschland.
021
Yves Steffen @yvessteffen.bsky.social · 23/01/2025
An Zäite vu ville méi schwierege politesche Biller, Videoen a Neiegkeeten op de Socials, hei #GoodNews 😊 #TaxTheRich www.tagesschau.de/wirtschaft/r...
tagesschau.de
Davos: Hunderte Millionäre fordern mehr Steuern für Superreiche
Sie warnen vor gesellschaftlicher Spaltung und dem Kauf von Macht: Zum Weltwirtschaftsforum in Davos haben 370 Millionäre und Milliardäre einen offenen Brief unterzeichnet. Sie fordern mehr Steuern fü...
000
Yves Steffen @yvessteffen.bsky.social · 17/01/2025
Oh wow 😮
010
Yves Steffen @yvessteffen.bsky.social · 17/01/2025
E Liichtbléck an enger Zäit wou Social Media Plattformen emmer méi problematesch ginn, kinnt de Projet freeourfeeds.com sinn. Era lauschtere fir d’Erklärung dozou lount sech: www.deutschlandfunknova.de/beitrag/init... #goodnews
deutschlandfunknova.de
Initiative
Initiative
110
Yves Steffen @yvessteffen.bsky.social · 11/01/2025
Januar… knapps 0 Grad a voll Velostänneren 🤩 #bikecity #diddeleng
052