Sign in

MeteoLux

@meteolux.bsky.social
192 followers 31 following 193 posts

Compte officiel du département météorologique au sein de l’Administration de la navigation aérienne (Ministère de la Mobilité et des Travaux publics).

PostsRepliesMedia
MeteoLux @meteolux.bsky.social · 2h
ℹ️ Den September 2026 war däitlech ze waarm (+ 2,9 °C), sonneg (+ 57,4 h) an vill ze dréchen (- 64 l/m²). Et war den zweetdréchensten September um Findel säit 1947! Weider Detailer am Artikel (🇨🇵 swll.to/17jQwpK, 🇩🇪 swll.to/ZWPxeI) an am Bilan vum Mount: swll.to/t3P1s8M /LM
001
MeteoLux @meteolux.bsky.social · 01/09/2026
📈 Den Summer 2026 war um Fluchhafen Findel (WMO 06590) deen wäermsten säit 1947 (Ofwäichungen zur Referenz 1991-2020 a Klammeren)! 🌡️ 20,6 °C (+ 2,7 °C) ☔️ 137,7 l/m² (- 79,3 l/m²) ☀️ 880,3 h (+ 144,4 h) Detailléierten Bilan: swll.to/prV8e (🇨🇵) swll.to/0HYqma (🇩🇪) /LM
011
MeteoLux @meteolux.bsky.social · 27/08/2026
⚠️⛈️ En kräftegt Donnerwieder zitt an den Osten vum Land eran. Stuermstéiss sinn nieft dem Staarkreen méiglech! /LM
012
MeteoLux @meteolux.bsky.social · 27/08/2026
⚠️⛈️ Aus Südwesten zitt demnächst en Reegebitt mat agelagerten Donnerwiederen op. Haaptgefor sinn gréisser Reequantitéiten a kuerzer Zäit (15-30 l/m²)! /LM
012
MeteoLux @meteolux.bsky.social · 27/08/2026
⛈️ℹ️ Aktuell deiten d'Modeller dorobber hin, dass den Schwéierpunkt vun der Donnerwiederaktivitéit haut den Owend an wärend der Nuecht méi Richtung Belsch an Nordostfrankräich läit. D'Labilitéit iwwert dem Land ass staark "gedeckelt". Aktuell Satellittebildanimatioun 👇 /LM
011
MeteoLux @meteolux.bsky.social · 26/08/2026
⛈️ ℹ️ Fir muer den Owend besteet e Potential fir organiséiert a kräfteg Donnerwiederen wéinst der Iwwerlappung vun enger markanter Dynamik mat vill Instabilitéit. Onsécherheeten ginn et nach a punkto geographesch Lokaliséierung an Timing. Updaten kommen no! Aktuell Ensemble-Guidance 👇 /LM
011
MeteoLux @meteolux.bsky.social · 19/08/2026
⚠️ℹ️⛈️ En zolitt bouförmegt Donnerwieder zitt vun Südwesten erfort op! Stuermstéiss an Staarkreen sinn méiglech! Aktuell Radaranimatioun 👇🏻 /LM
020
MeteoLux @meteolux.bsky.social · 19/08/2026
ℹ️ Eng éischt, zolitt Donnerwiederzell mat Rotatioun zitt aktuell iwwert d'Ardennen. Et muss een ofwaarden, ob sech um Südzipfel vum Reegebitt nach weider Zellen forméiere kënnen. Aktuell Radaranimatioun 👇🏻 /LM
011
MeteoLux @meteolux.bsky.social · 19/08/2026
⚠️⛈️ #vigilanceJaune Am Laf vum Owend besteet den Risiko fir déi eng oder aner kräfteg an organiséiert Donnerwiederzell. Mam Passage vun der Perturbatioun sinn innerhalb vun e puer Stonnen Reequantitéiten vun 15-30 l/m² méiglech. Weider Updaten kommen no! /LM
012
Reposted by MeteoLux
Luca Mathias @meteoluca.bsky.social · 19/08/2026
Current model guidance is increasingly hinting at the event of an isolated supercell crossing Luxembourg during the evening. Environment is strongly sheared with moderate instability. Since hodographs are curved ahead of the cell, together with low cloud bases, the tornado risk is non zero!
011
MeteoLux @meteolux.bsky.social · 18/08/2026
🌧️❓ En Mëttwoch den Owend kéint e kräftegt Reegebitt mat gréisseren Quantitéiten (15-30 l/m²) iwwert d'Land zéien. D'Onsécherheeten sinn aktuell nach grouss (👇🏻), dowéinst gëlt et ofzewaarden wéi d'Modellberechnungen weider evoluéieren wäerten. /LM
021
MeteoLux @meteolux.bsky.social · 17/08/2026
ℹ️🌧️ Haut de Mueren huet et mol no laanger Zäit nees flächendeckend am Land gereent. Vill koum awer net erof: 0,5-2 l/m², un der Nordspëtzt vum Land bis 3 l/m² 👇🏻 /LM
021
MeteoLux @meteolux.bsky.social · 16/08/2026
🛰️ 🔥 Op den aktuellen Satellittebiller ass déi diffus Verbreedung vum Damp vum Bëschbrand an der Belsch gutt zu erkennen (gréngelzeg Faarf lénks um Bild). Iwwert dem Éislek ass och en Dampschleier ze gesinn. /LM
031
MeteoLux @meteolux.bsky.social · 15/08/2026
🛰️🔥 Um neien Feierkomposit vum MTG-Satellit (aktuell Animatioun 👇) erkennt een d'Intensitéit vum Bëschbrand an den Ardennen. Och bei der belsch-franséischer Grenz war e Feier ugaangen. Mat enger Nordkomponent vum Wand wärend der Nuecht wäert och méi Damp an eis Richtung zéien. /LM
032
MeteoLux @meteolux.bsky.social · 15/08/2026
ℹ️🔥Den Bëschbrand an den Ardennen un der däitscher Grenz ass och op den Donnéeën vum belschen Wiederradar zu Wideumont ze erkennen. Déi héich Densitéit u Partikelen an der Dampwollek suergt fir schwaach Reflektivitéiten. Animatioun vun gëschter 16h00 bis haut 14h20 👇/LM
041
MeteoLux @meteolux.bsky.social · 13/08/2026
🌇🌡️ Déi partiell Sonnendäischtert vu gëschter Owend hat en Afloss op d'Temperatur. D'Infografik hei drënner weist den Temperaturverlaf, wéi en um Findel gemooss gouf. D'Loft huet sech temporär ëm circa 2,5 °C méi staark ofgekillt ewéi wann keng Sonnendäischtert gewiescht wier. /LM
011
MeteoLux @meteolux.bsky.social · 04/08/2026
ℹ️ Update: Den Risiko tendéiert aktuell géint Null, datt sech nach eppes entwéckelen wäert. /LM
010
MeteoLux @meteolux.bsky.social · 04/08/2026
❓⛈ Och wann d'Modeller a punkto Donnerwiederrisiko fir haut den Owend net immens reaktiv sinn (👇), ass et net auszeschléissen datt sech lokal e kräftegt Donnerwieder forméiert well eng markant Labilitéit present ass. Staarkreen a Knëppelsteng, souwéi stiermesch Wandstéiss wieren dann méiglech. /LM
011
MeteoLux @meteolux.bsky.social · 03/08/2026
⚠⛈ #vigilanceJaune Richtung Owend klëmmt den Risiko fir lokal Donnerwiederen am Land, déi vun Stuermstéiss, Knëppelsteng an och Staarkreen begleet kënne sinn. Aktuell Guidance vum DWD-Nowcastmodell 👇/LM
011
MeteoLux @meteolux.bsky.social · 03/08/2026
ℹ📈 Den Juli 2026 war däitlech ze waarm (+ 2,5 °C) an ze dréchen (- 53,9 l/m²). Et war och den zweetsonnegsten Juli um Findel säit 1947 mat 360,7 Sonnestonnen! Weider Detailer am Artikel (🇨🇵 swll.to/Ohuxx5k, 🇩🇪 swll.to/7Fd54Ix) an am Bilan vum Mount: swll.to/G7CukIh /LM
011
MeteoLux @meteolux.bsky.social · 30/07/2026
ℹ️ Eng maximal Wandspëtzt vun 96,1 km/h gouf géint 12h40 um Findel gemooss (ouni eng Drëps Reen)! Den Peak vun der Wandintensitéit ass elo duerch, mä et bleift nach lëfteg bis ca. 15h00. /LM
011
MeteoLux @meteolux.bsky.social · 30/07/2026
⚠ 🌬 #vigilanceJaune Am fréien Nomëtteg wäert eng Front iwwert d'Land zéien, woubäi verbreet e Risiko besteet fir Stuermstéiss (60-80 km/h, lokal ëm 90 km/h net ausgeschloss). Dat eent oder anert Donnerwieder ass och méiglech. Am Kontext vun der Dréchent kéinten Stëbsverwierbelungen optrieden. /LM
011
MeteoLux @meteolux.bsky.social · 29/07/2026
⚠🌬 Muer ëm d'Mëttesstonn respektiv am fréien Nomëtteg (12h00-16h00) zitt eng Pseudofront inklusive markantem Drocksprong iwwert d'Land ewech. Dobäi sinn verbreet Stuermstéiss méiglech an och en lokalt Donnerwieder ass net ausgeschloss. Aktuell Ensemble-Guidance 👇 /LM
011
MeteoLux @meteolux.bsky.social · 25/07/2026
ℹ️ D'Ursaach fir den verschleierten Himmel aktuell iwwert Lëtzebuerg sinn net Wolleken, mä Damppartikelen vun den Bëschbränn aus Frankräich a Spuenien. Um aktuellen Satellittebild (👇) erkennt d'Verlagerung vun deem Dampschleier, deen sech a ronn 4 bis 6 km Héicht befënnt. /LM
032
MeteoLux @meteolux.bsky.social · 17/07/2026
ℹ️⛈️ Haaptsächlech den Zentrum an den Osten vum Land waren vun den Donnerwiederen am spéiden Nomëtteg betraff (👇). Um Findel koumen um Rand vun enger kräfteger Zell 10 mm Reen an 10 Minutten zesummen, ëstlech vum Findel waren et punktuell 30-50 mm innerhalb 1 Stonn! /LM
011
MeteoLux @meteolux.bsky.social · 17/07/2026
⛈️❔No den Wiederen vun der leschter Nuecht bleiwen d'Onsécherheeten grouss wat den Donnerwiederrisiko am Nomëtteg/Owend ubelaangt. D'Guttland schéngt tendenziell méi am Fokus ze leien, mä et muss een déi nächst Stonnen ofwaarden, wéi sech d'Situatioun entwéckelt. Aktuell Nowcast-Guidance 👇 /LM
011
MeteoLux @meteolux.bsky.social · 16/07/2026
Och wärend der zweeter Halschent vun der Nuecht sinn schonn Donnerwiederen mat Staarkreen méiglech, ewéi dat den Nowcast-Modell vum DWD suggeréiert 👇🏻/LM
011
MeteoLux @meteolux.bsky.social · 16/07/2026
⛈️❔En Freideg Nomëtteg an Owend besteet en Risiko fir deels kräfteg Donnerwiederen. Haaptproblematik wieren exzessiv Reequantitéiten an kuerzer Zäit, déi lokal kéinten optrieden. A Kombinatioun mam dréchene Buedem kéint dat zu Iwwerflächenoffloss féieren. Aktuell Guidance vum DWD-Ensemblemodell 👇 /LM
011
MeteoLux @meteolux.bsky.social · 05/07/2026
ℹ🌡 Eng weider Hëtztwell steet Lëtzebuerg bevir. D'thermesch Belaaschtung wäert am Laf vun der nächster Woch kontinuéierlech zouhuelen. Déi aktuell Ensemble-Guidance vum ECMWF-Modell deit op eng Hëtztperiod vun op mannst 5-7 Deeg hin. Et ass och kee Reen fir déi nächst Woch a Siicht. /LM
021
MeteoLux @meteolux.bsky.social · 02/07/2026
ℹ📈 Den Juni 2026 war mat enger Moyenne vun 19,9 °C den wäermsten Juni säit 1947 um Fluchhafen Findel. 11 konsekutiv Hëtztdeeg goufen gemooss an 6 Tropenuechten. Weider Detailer am Artikel (🇨🇵 swll.to/YrnGl, 🇩🇪 swll.to/N259r4x) an am Bilan vum Mount: swll.to/tKoyQvj /LM
011
MeteoLux @meteolux.bsky.social · 27/06/2026
37,8 °C war den Maximum um Findel haut um Samschdeg. Dermadder bleift den Rekord vum Freideg bestoen fir de Mount Juni. /LM
010
MeteoLux @meteolux.bsky.social · 26/06/2026
Haut gouf eng Héchsttemperatur vun 38,2 °C um Findel gemooss. Dermadder ass den Juni-Rekord vu gëschter nees däitlech gebrach ginn, ëm bal 2 °C! /LM
021
MeteoLux @meteolux.bsky.social · 26/06/2026
⛈️ #vigilanceJaune Haut den Owend besteet en Risiko fir Donnerwiederen mat Knëppelsteng (1-2 cm), Stuermstéiss an Staarkreen. Et gëlt bei Aktivitéiten am Fräien opzepassen. /LM
022
MeteoLux @meteolux.bsky.social · 25/06/2026
ℹ️🌡️ Eng Héchsttemperatur vun 36,3 °C gouf haut um Findel gemooss Dermadder gouf den alen Juni-Rekord vun 35,4 °C (2017) däitlech gebrach. Déi nächst 2 Deeg wäert den Rekord warscheinlech nach emol gebrach ginn./LM
011
MeteoLux @meteolux.bsky.social · 20/06/2026
⚠️ Opgepasst am Südwesten. E kräftegt Donnerwieder zitt op! Aktuell Radaranimatioun 👇🏻 /LM
111
MeteoLux @meteolux.bsky.social · 19/06/2026
ℹ️⛈️ Zolitt Donnerwiederen aktuell iwwert dem Westen an Norden vum Land mat Knëppelsteng an staarkem Reen. Lokal Stuermstéiss sinn net ausgeschloss! Aktuell Radaranimatioun 👇 /LM
010
MeteoLux @meteolux.bsky.social · 19/06/2026
ℹ️⛈️ Aktuell zirkuléieren Donnerwiederen knapp westlech vu Lëtzebuerg iwwert der Belsch. An den nächsten Stonnen besteet deemno den gréissten Wiederrisiko am Westen an Norden vum Land. Haaptgefor sinn lokal Stuermstéiss. Aktuell Radaranimatioun 👇 /LM
011
MeteoLux @meteolux.bsky.social · 19/06/2026
ℹ⛈ Haut sinn am spéiden Nomëtteg respektiv fréien Owend vereenzelt/isoléiert Donnerwiederen méiglech. Dobäi besteet haaptsächlech eng lokal Gefor vun Stuermstéiss (70-90 km/h)! Et gëllt deemno opzepassen bei den Aktivitéiten am Fräien. Aktuell Guidance vum DWD-Nowcast-Modell 👇/LM
011
MeteoLux @meteolux.bsky.social · 18/06/2026
ℹ️⛈️ Westlech vu Lëtzebuerg hunn sech gréisser Donnerwiederzellen gebilt, déi weider Richtung Osten/Nordosten zéie wäerten. Et ass deemno net ausgeschloss, dass wärend der Nuecht respektiv um Enn vun der Nuecht Iwwerreschter vun deene Wiederen d'Land affektéieren wäerten. /LM
042
MeteoLux @meteolux.bsky.social · 17/06/2026
🌡️⚠️ Eng markant an bestänneg Hëtztbelaaschtung wäert sech ab en Donneschdeg zu Lëtzebuerg etabléieren mat gefillten Temperaturen, déi op ville Plazen > 35 °C wäerten erreechen. Och Nuets wäert et net allze gutt ofkillen. Sonndeg/Méindeg: Risiko fir eng maximal gefillten Temperatur vun ëm 39 °C. /LM
011
MeteoLux @meteolux.bsky.social · 13/06/2026
ℹ️🌡️Eng weider Hëtztwell deit sech ab Mëtt nächster Woch iwwert eise Regiounen un. Déi aktuell Temperatur-Guidance vum @ecmwf.int Ensemblemodell mat Héchstwäerter ëm 35 °C👇🏻/ LM
011
MeteoLux @meteolux.bsky.social · 04/06/2026
Zellen iwwert dem Éislek haten sech relativ séier ofgeschwächt. Elo sinn den Zentrum an den Süden vum Land am Viséier vun méi kräftegen Donnerwiederzellen 👇 /LM
011
MeteoLux @meteolux.bsky.social · 04/06/2026
⚠️⛈️ Eng organiséiert an kräfteg Donnerwiederlinn huet sech westlech vu Lëtzebuerg entwéckelt an wäert deemnächst haaptsächlech den Norden vum Land affektéieren. Stuermstéiss sinn d'Haaptgefor, begleet vu staarkem Reen. Den Tornadorisiko ass och net null! Aktuell Radaranimatioun 👇
011
MeteoLux @meteolux.bsky.social · 02/06/2026
ℹ🌦📈 D'Fréijoer 2026 war um Fluchhafen Findel (WMO 06590) däitlech ze waarm (+1,2 °C), relativ dréchen (- 57,9 mm) an immens sonneg (+ 120,9 h). Detailléierten Bilan: swll.to/O2WzEWk (🇨🇵) swll.to/wcMPlQ7 (🇩🇪) /LM
011
MeteoLux @meteolux.bsky.social · 10/05/2026
⚠️⛈️ #vigilanceJaune Haut den Owend besteet en Risiko vun Donnerwiederen mat gréisserem Staarkreenpotential wéinst lueser Verlagerung, am Virfeld vun engem Reegebitt. Dobäi sinn 15-30 l/m² innerhalb 6 h méiglech, lokal sinn och mol bis 50 l/m² net auszeschléissen! /LM
012
MeteoLux @meteolux.bsky.social · 01/05/2026
ℹ⛈ En Samschdeg am Laf vum Nomëtteg besteet den Risiko vun vereenzelten Donnerwiederen. Dobäi sinn plazeweis 10-25 l/m² a kuerzer Zäit an och stiermesch Wandstéiss méiglech. Déi aktuell Guidance vum DWD-Modell gëtt fir den Moment en kloert Signal (👇), aner Modeller sinn méi defensiv. /LM
011
MeteoLux @meteolux.bsky.social · 10/04/2026
ℹ️⛈️ Déi lëscht Nuecht sinn virum Passage vun enger Kalfront vereenzelt Donnerwiederen opgetrueden. Dermadder ass d'Donnerwiedersaison 2026 lancéiert! D'Animatioun weist d'Blëtzaktivitéit (🔴) an d'Satellittebild am Infraroutkanal. /LM
021
MeteoLux @meteolux.bsky.social · 01/04/2026
📈 ℹ Den Mäerz 2026 war ze waarm, liicht ze dréchen an iwwerduerchschnëttlech sonneg um Fluchhafen Findel (Ofwäichungen zu der Referenz 1991-2020 a Klammeren). 🌡 7,2 °C (+ 1,5 °C) ☔ 51,9 l/m² (- 5,1 l/m²) ☀ 191,3 h (+ 54,2 h) Den Detail: swll.to/86SbAbd /LM
010
MeteoLux @meteolux.bsky.social · 24/03/2026
❄⛈🌬 Hannert enger Kalfront, déi muer de Moien fréi duerchzitt, wäert sech typescht Abrëllswieder bis an den Owend eran etabléieren, mat heefegen Schaueren, déi vun Graupel, Schnéi an Reen kënne begleet sinn. Wandstéiss bis 65 km/h sinn lokal méiglech an och e kuerzt Donnerwieder. /LM
011
MeteoLux @meteolux.bsky.social · 23/03/2026
🌦📡🛰 Haut um Weltdag vun der Meteorologie läit den Fokus op der Wichtegkeet vum internationalen Austausch vun Beobachtungsdonnéeën. Wéi eng Roll MeteoLux dobäi spillt, dat gitt Dir an eisem Artikel gewuer. 🇩🇪 swll.to/Mh29Zm 🇫🇷 swll.to/dSTMeT #WorldMetDay /LM
011