André "MCKitkat" Marques @mckitkat.bsky.social · 26/05/2026Becoming so used working on the bigger fuel tank ships that I decided to just jiggle around one of the large fuel tanks to get it out of its frame and suddenly witnessing a massive explosion and desperately trying to get to the repair station to save my life, I failed and had to pay for it. 000
Reposted by André "MCKitkat" MarquesHardspace: Shipbreaker @shipbreakergame.bsky.social · 25/05/2026To celebrate Shipbreaker’s 4th anniversary, we're giving away bundles of exclusive merch including custom Bunny D plushies (bones not included)! Follow us, reshare this post, and reply with your favorite Shipbreaker moment to enter. More details below 👇 361225325
André "MCKitkat" Marques @mckitkat.bsky.social · 11/02/2026Am Plaz also méi an de Logement ze investéieren, an politesch Entscheedung ze treffen fir Loyeren ze deckelen, fir manner Steierkaddoen un räich Promoteuren ze maachen. Am Plaz mam Staat méi ze bauen, gëtt d'Logementskris einfach als Normalitéit ugesinn. Wat e fuerchtbaren Message vun engem Minister 010
André "MCKitkat" Marques @mckitkat.bsky.social · 11/02/2026Dës Äntwert vum Minister Hahn ass erbärmlech an eng absolut Bankrotterklärung fir de Logement zu Lëtzebuerg. Et ass en kloert: "Tjo, Pech domm gaangen, dat ass eben esou ze Lëtzebuerg. Géi schaffen an dann klappt et schonn" Dobäi ass ganz kloer, dass souguer schaffen keen Logement garantéiert... 210
André "MCKitkat" Marques @mckitkat.bsky.social · 18/12/2025Den Schwätz Mat war also just eng Pre-Diskussioun fir déi Diskussioun déi elo kommen wäert zu de Pensiounen. Ech gleewen kaum dorunner... 000
André "MCKitkat" Marques @mckitkat.bsky.social · 18/12/2025Bon anscheinend ass jiddereen deen demols just Hallefstonnen geschafft huet selwer Schold, dass en elo mat der Mindestpensioun net genuch kritt fir ze liewen. Den Schockmel als grousse Feminist kennt sech eben aus mat der Situatioun vun ville Fraen. Ey ech kéint katzen... 100
André "MCKitkat" Marques @mckitkat.bsky.social · 18/12/2025DP wëll net Deplafonnéieren an erzielt eis wéi onsolidaresch de Pensiounssystem ass well e puer Léit anscheinend ze vill Pensioun kréien an doduerch déi breet Schëlleren net genuch ofginn. DP déi dann och nach all de Räichen Stéierkaddoen mëscht???? Really, that's your move???? 100
André "MCKitkat" Marques @mckitkat.bsky.social · 18/12/2025"Sechert Stabilitéit ouni Zukunft ze blockéieren" ass esou en näischtaussoenden Saz... E Gesetz kann keng Zukunft blockéieren, et kann ëmmer geännert ginn. Dat asskeng Fatalitéit... 100
André "MCKitkat" Marques @mckitkat.bsky.social · 18/12/2025Dach, dat ass de exatken Grond firwat mir déi Reserven hunn. Si sinn do fir genotzt ze ginn. Wann domadder just e Rendement geséchert soll ginn, dann soll een dReserve ofschafen an ersetzen duerch e Fonds wou just Suen soll maachen. Momentan ass déi Reserve awer dofir do fir de System ofzesecheren.. 100
André "MCKitkat" Marques @mckitkat.bsky.social · 18/12/2025An wéi kann een d'Ried zur Lag vun der Natioun einfach ëmschreiwen. natierlech ass dRegierung virgeperscht mat enger absolut Radikaler Propose déi ni diskutiert oder zur Diskussioun stoung. An just well 20.000 Léit op der Strooss waren, ass een zeréckgeruddert! 100
André "MCKitkat" Marques @mckitkat.bsky.social · 18/12/2025Ech war och um Schwätz Mat dobäi an ech kann kloer soen, dat war eng komplett onnéideg Diskussioun. Et gouf keen Echange, mir hunn alleguerten 2 Minutten laang eis Positiounen virgestallt an dat war et. Dat ass den Numm "Diskussioun" net wäert. Wat gouf dann, ausser de Studiejoeren, zeréckbehalen? 100
André "MCKitkat" Marques @mckitkat.bsky.social · 18/12/2025Reformpropose zum Pensiounssystem ass eng komplett Ideologesch Entscheedung. Et ass eng Entscheedung d'Léit méi laang schaffen ze doen woubäi Meiglechkeeten do sinn fir et ze änneren. Mir kënnen och net den Wuesstum kritiséieren an zäitgläich eng Gesamtpolitik maachen déi just op Wuesstum baséiert 100
André "MCKitkat" Marques @mckitkat.bsky.social · 18/12/2025An d'Motioun gëtt jo de Betriber Zäit fir mam Gesetz emzegoen, dat ass also iwwerhaapt keen gültegt Argument fir et ofzeleenen. Et ass kloer, dass een wuel Angscht virun esou enger Studie huet, wëll do wuel eppes ganz aneres geif erauskommen wéi haut vun der Majoritéit gestëmmt an gefuerdert gouf... 100
André "MCKitkat" Marques @mckitkat.bsky.social · 18/12/2025Dass d'Majoritéit d'Motioun fir eng Analyse vum Impakt ofleent wéist ganz kloer, dass hinnen d'Suergen an d'Wuel vun de Salariéen absolut egal ass. Et geet haaptschlech de grousse Betriber eng Faveur ze maachen an ze hoffen, dass no dem Vote keen méi soll drun vréckelen goen. 110
André "MCKitkat" Marques @mckitkat.bsky.social · 18/12/2025Konkurrenz vum Online-Handel entgéintwierken? Eventuell den Steiersystem deen just Amazon an aner grouss Online-Händler bevirdeelegt emänneren? Aktuell schafft den Lëtzebuerger Staat géint de kléngen Commerce an deem de System déi benoodelegt! 120
André "MCKitkat" Marques @mckitkat.bsky.social · 18/12/2025Et geet also iwwerhaapt net em den Salarié oder eis als potentiell Clienten, et geet just em déi grouss Betriber déi dat fuerderen an och am meeschten dovunner profitéieren wäerten. 100
André "MCKitkat" Marques @mckitkat.bsky.social · 18/12/2025Yep, d'Ëffnungszäiten am Commerce betreffen och ganz vill aner Beräicher déi an Zukunft och dorunner gleewen wäerten. Botzpersonal, Créchen, Security, Transport, etc. Och immens, déi nämlecht Regierung déi d'Auerzaiten am Commerce wëll erweideren, kierzt den Nuetsservice vum TICE. Super Planung! 100
André "MCKitkat" Marques @mckitkat.bsky.social · 18/12/2025Commerces à proximité: Komm mir huelen all déi Steiervirdeeler déi Amazon an aner grouss Multinationalen kréien an de Staat notzt déi Suen fir stattdessen lokal Epicerien opzemaachen! Dat wier jo eppes fir de Commerce an fir eis Quartieren an Dierfer/Stied! 100
André "MCKitkat" Marques @mckitkat.bsky.social · 18/12/2025A wann d'Chamber et haut net packt fir nach Kaddoen akaafen ze goen, géif et hëllefen wann een net alles haut duerchdrécken wéilt. 100
André "MCKitkat" Marques @mckitkat.bsky.social · 18/12/2025Ech sinn fréi genuch wakreg fir mir d'Chamber ze gönnen. E bëssi komesch wann vun der DP verfecht gëtt dass Schaffen sech och Lounen soll, wann den aktuellen Mindestloun iwwerhaapt net duergeet an dës Regierung sech weigert fir der EU Direktiv folleg ze leeschten.... 130
André "MCKitkat" Marques @mckitkat.bsky.social · 08/12/2025Den Nationale Armutsplang ass awer schonn hefteg: Kannergeld an d'Luucht, Aarbechtsminister eraus. 020
André "MCKitkat" Marques @mckitkat.bsky.social · 01/12/2025Net mat eis! @dei-lenk.bsky.social wäerten den Index weider verdeedegen an bei eisem Pensiouns- an Gesondheetssystem weiderhin op den solidareschen an universelle Model setzen! Et sinn eis Pensiounen, et ass eis Gesondheet! Et sinn net hir Profitter! 000
André "MCKitkat" Marques @mckitkat.bsky.social · 01/12/2025An natierlech steiert sech den Assurancensecteur um Index. Do ass een wuel nach net zefridden genuch dass dës Regierung eise Pensiouns- an Gesondheetssystem fir si opmaachen wëll. Déi kënnen de Mond net voll genuch kreien! 100
André "MCKitkat" Marques @mckitkat.bsky.social · 01/12/2025Laut ACA kommen vill Assureuren op Lëtzebuerg well hei eng Sécherheet besteet déi wichteg ass fir de Business, dat wuel duerch eng stringent Regulatioun. Mee fir d'ACA soll een net ze vill reglementéieren, sécher net méi wéi d'EU vue dass et schlecht fir de Business ass. Wat dann elo? 100
André "MCKitkat" Marques @mckitkat.bsky.social · 24/11/2025Firwat sinn Taliban bémol normaliséiert? An an Syrien en Ex-Terrorist an Radikalen Islamist? Dat ass net duerch eng Lénk gewuess, dat ass alles den Rietskonservativen ze verdanken! Einfach mol genau hikucken am Plaz sech an der "grousser Verschwörung" ze verennen! 010
André "MCKitkat" Marques @mckitkat.bsky.social · 24/11/2025Alles Elementer déi am Walprogramm vun den Radikalen Islamisten stinn. Nee elo mol éierlech, wat ass dat fir en absoluten Kabes? Mir hunn Rietskonservativ Parteien déi oppen mat Rietsextremer zesummeschaffen an Dealer mat Radikalen Islamisten aginn mee stattdessen ginn Verschwörungstheorien gepusht 110
André "MCKitkat" Marques @mckitkat.bsky.social · 24/11/2025Wien kennt et net: déi Lénk probéiert Radikal Islamisten zu Lëtzebuerg als Wieler ze gewannen duerch: *checks notes* - IVG an der Verfassung ze verankeren - Fraerechter auszeweiten - E bessere Schutz a Gläichberechtegung vun der LGBTIQ+ Communautéit - En Asaz fir Mënscherechter an Droit Intern. 121
André "MCKitkat" Marques @mckitkat.bsky.social · 18/11/2025Dass mir zu Lëtzebuerg just 60 Deputéierten hunn, déi dann och just 3 Deeg an der Woch Sëtzungen kënnen hunn ass einfach erbärmlech fir eis Bananenrepublik. Montenegro an Malta hunn méi Deputéierten bei manner Awunner. Mir brauchen Deputéierten a Vollzäit an och der méi fir effektiv ze schaffen. 020
André "MCKitkat" Marques @mckitkat.bsky.social · 10/10/2025De Macron wëll also dass den RN gewënnt, anescht kann een déi Re-Nominatioun net verstoen. Hien huet den Iwwerbléck komplett verluer, keen Wonner wann een de ganzen Zaiten am Elfenbeinturm sëtzt. 000
André "MCKitkat" Marques @mckitkat.bsky.social · 29/09/2025500 Dausend Euro zu Diddeleng an d'Stad Lëtzebuerg traut sech mol net ze soen wéi vill den Hang-Over-To-Willy den Gemengen kaschten wäert. Et soll ni méi een soen, dass mir fir A oder B keng Suen hunn. Dat ass komplette Blödsinn. De Frick ass do, just de politesche Wëllen deen feelt. 020
André "MCKitkat" Marques @mckitkat.bsky.social · 26/09/2025Zum Presseclub vum 21. September: Jo et gett Proposen fir den Pensiounssystem iwwer 30 Joer ze secheren, op Pensiounen.lu ;) An jo, dat ass och gerecht vis-à-vis vun de Jonke Generatiounen déi sech dann fir eng laang Zait keng Gedanken musse maachen an dann kënne mir un de Logement goen ;)pensiounen.luPensiouns rechner. 020
André "MCKitkat" Marques @mckitkat.bsky.social · 15/09/2025A fir déi déi dat ze verantworten hunn: Ech wënschen äerch de Blödsinn all Dag mussen duerchzeliewen fir ze realiséieren wat en absoluten Schäissdreck dat alles ass. Multi-Modal Mobilitéit my ass... 000
André "MCKitkat" Marques @mckitkat.bsky.social · 15/09/2025Firwat gouf un keng Ënnerféierung fir Foussgänger geduecht fir vun enger Sait op déi aner ze kommen? Plaz ass dach genuch do, an dat wier fir Foussgänger méi schnell, secher a praktesch wéi déi dämlech Rout Luuchten. Bei der Mobilitéit wier et ubruecht un jiddereen ze denken a net just un den Auto! 110
André "MCKitkat" Marques @mckitkat.bsky.social · 15/09/2025Soss kréie si hiren Uschloss mam Tram net. Déi Ampelfeierung dauert esou onmässeg laang, déi Standard-Zait fir Ëmzeklammen op Mobilitéit.lu ka net agehale ginn. Ouni och nach op den Blödsinn vun der rieseger Kräizung anzegoe déi a Spetzestonne einfach just zu Chaos féiert mat Autoen déi blockéieren. 100
André "MCKitkat" Marques @mckitkat.bsky.social · 15/09/2025Vue dass ech a Verspéidung sinn, e klengen Rant iwwert d'Meeschterleeschtung vum Urban Planning beim Stadion: Wat ass dat fir en absoluten Quatsch deen déi opgebaut gouf. Nee mee elo seriö. Rout Luuchten fir Foussgänger brauchen esou laang, dass Leit léiwer iwwert d'Strooss laafen (4 Spuren). 100
André "MCKitkat" Marques @mckitkat.bsky.social · 04/09/2025Esou vill zum Consultatiounsprozess. Anscheinend war dach schonn alles ganz laang kloer, just dass de Ministère bewosst näischt wollt soen. An da koumen déi Annonce déi DP/CSV Fraktioun iwwerrascht hunn, a dunn all déi "Stoussrichtunge". Veraarsche kann ech mech selwer.. www.rtl.lu/news/nationa... 010
André "MCKitkat" Marques @mckitkat.bsky.social · 04/09/2025Dat huet awer näischt mat Gerechtegkeet ze dinn. An d'Fuerderunge vum méi laang schaffen kommen vum Patronat, an net vun de Gewerkschaften. Eng Fuerderung déi haaptsächlech Jonker wäert betreffen! An net ze vergiessen: Wien wollt Studiejoren komplett sträichen? D'Patronat! Loost Jugend a Rou! 010
André "MCKitkat" Marques @mckitkat.bsky.social · 04/09/2025Laut Michel Reckinger wier d'Patronat déi eenzeg, déi sech fir Jonker agesaat hunn. Wëll si den Décken eppes ewechhuelen wollten fir de kléngen ze ginn. Just blöd net ze erwähnen, dass d'Patronat eigentlech alleguerten eppes ewechhuelen wollt. Jiddereen 5 Kamellen manner, mee ganz ënnen 1 dobäi. 110
Reposted by André "MCKitkat" MarquesCarole Thoma @carolethoma.bsky.social · 03/09/2025Den Ofschloss vun de Sozialronne weist, dass dës Regierung pur Ideologie bedreiwt. D'Altersoarmut wäert klammen, d'Grousspatronat profitéieren a kleng Commerce leiden. Eng kuerz a knapp 1. Reaktioun: 👇 132
André "MCKitkat" Marques @mckitkat.bsky.social · 03/09/2025Dat wat um Dësch läit ass och absolut géint Jugend geriicht. Mir sinn der Regierung Schäiss egal. Idem all déi mat enger Mindestpensioun. Wien awer net egal ass, dat sinn déi aarm Räicher déi elo nach ë puer méi Steiersuen zegutt kréien. Si kréien hiren Mond jo net schonn voll genuch... 010
André "MCKitkat" Marques @mckitkat.bsky.social · 03/09/2025Bon, dat war dann en Echec an d'Regierung weist sech onfäheg eng Léisung ze fannen an gëtt einfach op??? Dat haut war weder Revolutioun, nach Evolutioun. Et ass eng Kapitulatioun virun der Aarbecht déi eng Regierung misst maachen. Des Regierung ass net capabel dëst Land no vir ze bréngen... 110
André "MCKitkat" Marques @mckitkat.bsky.social · 30/08/2025Gouf et massiv Abréch an der Produktioun? Nee, d'Liewen ass gréisstendeels weidergelaf an och wirtschaftlech gouf et keen gréisseren Impakt. Dat ännert awer sécherlech näischt un der Symbolik vun de Streikaktiounen als Zeechen géint d'Zwangsrekrutéierung. 010
André "MCKitkat" Marques @mckitkat.bsky.social · 30/08/2025Dorënner natierlech och ë puer Feeler, wéi den Tract mat falschem Datum deen an der Belsch gedréckt gouf. Dat bedeit awer net, dass déi ganz Bevëlkerung dovunner wosst, am Géigendeel. Et ass de Momentum deen gespillt huet fir dass op den verschiddensten Plazen an Deeg gestreikt gouf. 110
André "MCKitkat" Marques @mckitkat.bsky.social · 30/08/2025D'Annonce vun der Wehrpflicht war virauszegesinn, vue dass och am Elsass an an der Lorraine ähnlech Annonce gemaach goufen. Et war also eng Fro vun der Zait wéini den Gauleiter dat och fir Lëtzebuerg géif annoncéieren. Et gouf also am virraus schonn verschidden Virbereedungen. 110
André "MCKitkat" Marques @mckitkat.bsky.social · 30/08/2025Dësen Weekend ass e wichtegen an der Erënnerung vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg. Et ass awer emsou méi wichteg, net op falsch Informatiounen an Mythen eranzefaalen. Dat hunn dei Deeg an dat hunn déi vill Affer net verdéngt. 110
André "MCKitkat" Marques @mckitkat.bsky.social · 27/08/2025Wat kengem wäert hëllefen sinn Dausenden vun Jonker déi absolut null Bock hunn um Härebierg ze sëtzen (souwisou keng Plaz) wärend aner sech e schéint Liewen maachen. Firwat muss d'Aarbechter- an d'Mettelklass sacrificer maachen, mee Raicher a Groussbetrieber net??? 010
André "MCKitkat" Marques @mckitkat.bsky.social · 27/08/2025Déi aktuell Politik vun Sozialofbau an Militariséierung wäert just méi a méi Jonker radikaliséieren, an dat leider an déi Extrem Riets Richtung. Ass Verdeedegung wichteg? Jo, mee dat bedeit och eis Energie, eis Liewen, eis Natur, eise Gesondheetssystem ze schützen. Mir brauchen Hoffnung. 110
André "MCKitkat" Marques @mckitkat.bsky.social · 27/08/202518-Jähregen soll sech zur Waff mellen fir dono bis zum Hals ënner Waasser ze stoen, déi 600. Hëtzwell duerchzeliewen, sech ze doud schaffen fir sech knapps e Kartong ze leeschten fir dran ze wunnen, mat 80 dann eventuell an Pensioun mat 2 Cent wann en bis dohinner net un der Klimakrise verreckt ass 110
André "MCKitkat" Marques @mckitkat.bsky.social · 27/08/2025Mat all de Problemer mat deenen d'Jugend konfrontéiert gëtt, ass eng Aféierung vun enger Wehrpflicht, egal a wat fir enger Form, e weidert Zeechen, dass der Politik d'Jugend absolut schäiss egal ass. Jonker sollen dann elo enthusiastesch kämpfen fir en System ze erhalen, deen se schäissen deet... 130
André "MCKitkat" Marques @mckitkat.bsky.social · 09/08/2025Ënnerwee op Wolz mam Bus, dat bedeit Sight-Seeing duerch den Éislek. Gesäit ganz schéin ass, mee war dir schonn am Minett? (Fun Fro, vue dass souwisou kaum ëffentlechen Transport am Éislek fiert, do kënnt een knapps an d'nächst Duerf geschweige denn an den Minett) 010